Dem Frank Sinatra seng Karriär huet am Orchester vum Harry James an Tommy Dorsey ugefangen. Wéinst senger charakteristescher Stëmm gouf hien "The Voice" genannt. De Frank Sinatra géif haut 104 Joer kréien.

12/12/2019 Pop History: Happy Birthday Frank Sinatra †

Ugefaangen huet alles wéi de Bandleader Harry James de Frank Sinatra entdeckt huet. Dat war am Fréijoer vum Joer 1939 kuerz nom Sinatra senger Hochzäit. Hien krut e Kontrakt als Sänger an deem senger Big Band.
Zesummen hunn se déi éischt Placken opgeholl wou och den Titel All Or Nothing at All mat drënner war.

Et war dat Lidd wat de Sinatra bei Re-release am Joer 1943 un d'Spëtzt vun den Charts katapultéiert huet. De Nationalen Duerchbroch hat hien ugangs de 40er Joren am Orchester vum Tommy Dorsey. Direkt no e puer Méint koum e weideren Hitt zu staan: I'll Never Smile Again

Hien ass zu deem Moment ob all Interview gaangen. Hien war um Radio sief et fir en Interview oder mat senger Musek. Dat alles huet de Sinatra doran confirméiert dass et richteg ass eng Solokarriär ze maachen.
De Sinatra gouf relativ séier zu engem vun den erfollegräichste Sänger vum Land. Ëmmer méi Radio'en hu seng Musek gespillt. Direkt e puermol an der Woch. Hien gouf zum musikaleschen Idol vun der Weltkrichgeneratioun. Grad bei Fraen ass hie gutt ukomm et ass zur éischte Massen-Hysterie an der Geschicht vun der Popgeschicht komm.
De Sinatra war och als Acteur aktiv. Sief et virun der Kamera als Regisseur oder als Musicalacteur. Dowéinst zielt hien och e puer Oscaren a senger Kollektioun.
An de 50er ass d'Karriär vum Sinatra de Bierg a gaangen. Säi gudde Ruff huet gelidden. Vill Affäre ma deels prominente Leit hunn de Sinatra ëmmer méi an d'Klatschpress bruecht. Dernieft gouf hien och nach am Joer 1951 vu senger Fra dem Nancy gescheet.

Ma et gouf e Comeback. Am Film Verdammt bis alle Ewigkeit kritt hien no laangem hin an hier mam Produzent eng Serieux Roll. Et sollt geléngen. De Frank Sinatra huet vun deem Moment un an der Moyenne 4 Filmer am Joer gespillt. Dernieft huet hie reegelméisseg zu Las Vegas gespillt. Hei hat hien eng Emissioun mam Numm The Frank Sinatra Show.
Am Fréijoer vum Joer 1971 huet hien dun bekannt gemaach dass hien d'Bühne vun dëser Welt fir ëmmer verloosse wëll. E Plang dee net ganz opgaangen ass. Ëmmer erëm trëtt hien nach rieds a lénks op. Eng Leschte Kéier war dat den 19. November vum Joer 1995. Et war fir d'Enregistrementer vu senger Gebuertsdag-Show. Seng 80 huet hien nach eemol an der Ëffentlechkeet gefeiert.
De Frank Sinatra ass de 14. Mee vum Joer 1998 am Alter vun 83 Joer un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.