Taylor Swift gehéiert zu den erfollegräichste Kënschtlerinnen vun allen Zäiten. Mat weltwäit 200 Millioune verkaafte Placken huet sech an der Musekszeen fest etabléiert. Haut kritt hatt 30 Joer.

13/12/2019 Happy Birthday Taylor Swift

Taylor Swift war um Ufank vu senger Karriär am Country aktiv. Hier Debutsingle Tim McGraw packt et op déi 6. Plaz vun den US Country Charts. Nach am selwechte Joer koum den Debutalbum Taylor Swift eraus. Dëse packt et direkt ob déi 5. Plaz vun den US Album Charts.

Den 2. Album Fearless koum 2 Joer méi spéit eraus. Mat e puer Ënnerbriechunge stoung dësen Album am ganze fir 11 Wochen an den Charts. 4 Singlen hunn et an Top 10 gepackt weider 3 Stéck an Top 40.
D'Lidder goufen all vum Swift komponéiert.
Den 3. Album huet Speak Now geheescht. Bannent enger Woch goufen an Amerika 1 Mio Kopien dovun verkaf. Fir d'Lidd Mean sollt d'Taylor Swift e Grammy kréien.

D'Taylor Swift ass no a no zu enger gréisst an der Country Musek ginn. Et war also un der Zäit eppes ze änneren. Mam Album 1989 aus dem Joer 2014 huet si der Country Musek Äddi gesot. Den Album war vun elo un e Pop-Album.

D'Swift krut direkt vun Ufank un positiv Kriticken. Si hat nach weider keng gréisser Skandaler an hirem Liewen a konnt mat hirer Musek ëmmer en Hitt landen.
Kee Wonner dass d'Taylor Swift sech och rechtlech ofgeséchert huet. Alleguerten Titelen dierfen nëmmen ob Ausdrécklech Erlabnis vun der Musekerin benotzt ginn. Souguer Textzeile si geschützt.
Taylor Swift rangéiert op der 97 Platz vun den 100 beschte Lidderschreiwer vun allen Zäiten. Si huet am ganzen 10 Grammyen doheem stoen, ë.A dee fir den Album vum Joer.