Den Dirk Albert Felsenheimer, besser bekannt ënnert dem Numm Bela B. kritt haut 57 Joer. Hien ass virun allem als Member vun den Ärzte bekannt ginn.

14/12/2019 Happy Birthday Bela B.

Schonn a senger Jugend huet de Bela B Batterie gespillt. Seng Elteren hunn hien och dobäi ënnerstëtzt. Sou hu si z.B dofir gesuergt dass de Bela B e Proufsall am Keller vum Elterenhaus krut. Dacks gëtt gesot de Bela B hätt an engem Kierchechouer gesongen. Dat ass awer net wouer.
Säi Kënschtlernumm huet den Dirk Felsenheimer vum Dracula Duersteller Bela Lugosi. A senger Kandheet war de Bela B vun him begeeschtert. De B. ass d'Ofkierzung fir Barney Gerölleimer aus der Familie Feuerstein. E Spëtznumm deen hie schonn an der Schoulzäit krut.

Seng éischt Band huet sech Empire genannt. Dono huet hien bei Wild In The Streets a bei Kawumm gespillt. Am Joer 1980 huet hie mam Jan Vetter, och e Member vun den Ärzte an der Band Soilent Grün gespillt.
2 Joer méi spéit huet gouf d'Band opgeléist.
Kuerz drop hu si d'Band Die Ärzte gegrënnt. Ma no 2 Albumen huet de Bela B d'Band verlooss. Intern Problemer hunn dozou gefouert. Et sollt net laang daueren an d'Band huet sech opgeléist.
Bal 10 Joer méi spéit an no e puer verzweiwelte Bréiwer vum Farin Urlaub huet de Bela B sech dozou entschloss d'Band nei ze grënnen. Vun deem Moment un gouf de Rodrigo Gonzalez neie Bassist. De Bela B ass mat deem ale Bassist nämlech net méi eenz ginn.
Ma och Solo war de Bela B relativ erfollegräich ënnerwee. Hien och un den Albume vum Lee Hazlewood a Charlotte Roche matgeschafft.
Fir de Kinosfilm Teufelskicker huet hien de Soundtrack geschriwwen.
Ma net nëmmen an der Musek huet de Bela B ob sech opmierksam gemaach. Hien huet an der Zäit och als Schrëftsteller geschafft. Ganz erfollegräich huet hien Horror-Comics erausbruecht. Well um Enn awer méi an d'Musek wéi an d'Schreiwen investéiert gouf ass et dem Verlagshaus um Enn net finanziell net méi gutt gaangen an et huet een decidéiert d'Boîte zou ze maachen.
Um soziale Plang engagéiert de Bela B sech ë.a fir Globaliséierung-kritesch Organisatioun Attac an Drénkwaasserorganisitioun Viva Con Agua.