Adam Richard Wiles ass de richtegen Numm vum Calvin Harris. De briteschen DJ,Sänger, Songwriter a Produzent feiert haut seng 36 Joer.

17/01/2020 Pop History: Happy B-Day Calvin Harris

Wéi vill aner DJ'en huet de Calvin Harris seng éischt Demoen an der Kummer doheem opgeholl.
Fir dat esou gutt wéi méiglech kënnen ze maachen ass et scho mol virkomm dass hien sech dowéinst wochelaang isoléiert huet. Et huet dann och net laang gedauert bis hien en éischte klengen Erfolleg hat.
Da Bongos a Brighter Days huet hien am Alter vun 21 Joer eraus bruecht. Deemools nach ënnert dem Numm Stouffer. Fir den Harris war dat Grond genuch fir ob London ze plënneren. Do krut hien ze spiere wéi schwéier et ass an deem Business e Fouss ze faassen. Bannent engem Joer ass et him net gelongen sech dohannen ze etabléieren.
En ass zeréck a seng Heemecht gereest wou en an enger Fëschfabrik an an engem Supermarché geschafft huet fir sech iwwer Waasser ze halen. Ma mat der Musek huet net opgehalen. Hien huet weiderhi Produzéiert a seng Musek bei My Space eropgelueden. Hei gouf hien am Joer 2006 entdeckt a krut e Plackekontrakt bei EMI.
Den éischten Album huet sech I Created Disco genannt. Fir den Album ënnert Leit ze bréngen ass hien am Virprogramm vu Faithless a Groove Armada opgetrueden.
Den éischte Succès an den Charts koum mam Lidd Acceptable In The 80's. En Hommage un d'80er Joren.
Vun deem Moment ass seng Karriär richteg un d'Lafe komm. Mam Kylie Minogue schafft hien um Lidd In My Arms an Heart Beat Rock.
Dem Harris seng Lidder klammen ëmmer méi héich an d'Charts eran. De Song Dance With Me deen hien zesumme mam Dizzee Rascal opgeholl huet packt et op 1 vun de britesche Charts.
Et koumen e Brit Award en NME Award an eng ganz Partie aner renoméiert Präisser.
Den Harris huet esouguer eng Zesummenaarbecht mat der Lady Gaga refuséiert well d'Ufro zu enger Zäit koum an där Lady Gaga nach komplett onbekannt war.
Spéider huet hien awer kloer gestallt dass hien d'Lady Gaga als eng grouss Kënschtlerin gesäit.
De Calvin Harris hat et gepackt. Lidder wéi Ready For The Weekend, Feel So Close, I Need Your Love oder och My Way fir der nëmmen e puer ze nennen.
De Calvin Harris ass ee vun de bescht bezuelten DJ'en op der Welt. Trotzdeem alles Guddes Calvin Harris.