De Michael "Mike" David Rosenberg kritt haut 35 Joer. Jo alt erëm e Kandidat deen ee besser ënnert sengem Kënschtlernumm kennt.

17/05/2019 Pop History: Passenger

De Passenger. De Passagéier kënnt also de 17. Mee 1984 zu Brighton a Groussbritannien op d'Welt. Do muss iergendeppes am Waasser si well nieft dem Mike ginn et nach eng Rëtsch aner bekannt Museker déi do gebuer sinn; zum Beispill de Luke Pritchard vun The Kooks, den Nick Howard an ënner anerem den Techno-Dj Dave Clarke. Zeréck bei eise Passenger deen also haut viru 35 Joer d'Liicht vun der Welt erbléckst, dee schonn am ganz jonken Alter mat enger Gittar hantéiert an och relativ séier ufänkt Lidder ze schreiwen. Eng Grëtz méi konkret gëtt et 2007 wéi de Mike an den Andrew Phillips de Projet Passenger op d'Bee stellen an zesumme mat aner Museker den Debutalbum Wicked Man's Rest zu Brighton ophuelen. Den Album fënnt zwar net de Wee an d'Charts, kritt awer gutt Kritiken a preparéiert den Terrain fir de spéidere Soloprojet deen nëmmen 2 Joer méi spéit mam Album Wide Eyes Blind Love ufänkt. De groussen Duerchbroch kënnt 2012 mam Album All The Little Lights a virun allem der Single Let Her Go déi an Däitschland, Schwäiz an Éisträich op der 1. steet, an der Heemecht ass et fir déi 2. Plaz duergaangen an bei den Amerikaner packt et Let Her Go op Plaz 5. Zënter där Plack huet de Mike Rosenberg net manner wéi 6 Albume produzéiert an erausbruecht, déi 7. mam Titel Sometimes It's Something, Sometimes It's Nothing At All ass eréischt zwou Wochen al, hei fënnt de Passenger erëm zeréck bei seng Originnen; sangen a Gittar spillen, hie kritt haut 35 Joer.