Zimlech ronn ass de Gebuertsdag vun dëser Pop History. Viru genee engem hallwe Joerhonnert kënnt d'Marta Marrero op d'Welt.

18/05/2019 Pop History: Martika

A sou wéi gëschter an dëse musikalesche Minutten, kennt een och dës Persoun duerch hire Kënschtlernumm. An dësem Fall hu mir et mam Martika ze dinn. Dowéinst musse mir elo an Amerika reesen, op Whittier a Kalifornien méi genee, do kënnt d'Marta den 18. Mee 1969 op d'Welt. Wéi e ganze Koup aner Artisten huet och dem Martika hir Roll am Disney-Univers ugefaangen. Fir dem Mickey Mouse säi Konzern stoung dat jonkt Martika ënnert dem Numm Gloria an der Show Kids, Incorporated um Disney Channel virun der Kamera. 1982 spillt d'Martika eent vun de Weesekanner am Musical Annie an ass vun do aus u méi dacks an de Kannerprogrammer vun Disney ze gesinn. Am Hierscht 1988, d'Martika, hat mol nach keng 20 Joer, kënnt déi éischt Single More Than You Know eraus. Den Duerchbroch kënnt e knappt Joer méi spéit mat Toy Soldiers, en Nummer 1. Succès an de States. 1991 huet de verstuerwene Prince mam Martika um 2. Album Album Martika's Kitchen geschafft, e richteg grousse Succès sollt net méi zustane kommen. An de Joren duerno probéiert sech d'Marta Marrero nach e puer mol als Schauspillerin, ma och dat ouni gréisseren Erfolleg. 2003 gouf et weidere Versuch de Wee zeréck an de Business ze fannen, déi Kéier ënnert dem Numm Oppera zesumme mat hirem Mann de Michael Mozart. Resultat; 2 Albume a weider keng grouss Spréng an den Hitparaden. Trotzdeem kënne méi jonk Generatiounen eppes mam Martika ufänken. Den Eminem hat 2005 Toy Soldiers gesampelt an en Nummer 1. Hit a Groussbritannie gefeiert.