Dee Mann, deen Dire Straits mat senger Aart a Weis d'Gittar ze spillen weltberühmt gemaach huet, feiert haut säi 70. Gebuertsdag. De Mark Knopfler ass amgaangen seng Solo-Tour ze plangen. Dono kéint et méi roueg ëm de Museker ginn, et soll nämlech seng Lescht Tour ginn.  

12/08/2019 Pop History: Happy Birthday Mark Knopfler

Ier de Mark Knopfler bei d'Musek koum, huet hien als Reporter, Bauer a Englesch Proff geschafft. Am Joer 1977 huet hien dunn zesumme mat sengem Brudder Dire Straits gegrënnt.
De Numm war e Sproch deen näischt anescht seet wéi: "a Schwieregkeeten ze sinn", en huet déi deemools aktuell finanziell Situatioun vun de Memberen erëm gespigelt. Dës Problemer sollten dann och eng Zäitchen bestoe bleiwen. Plackefirmaen wollte nämlech näischt vun hirer Musek wëssen. Bis e gewëssenen DJ Charlie Gillett an seger Radio Show den Demo mam Numm Sultans Of Swing gespillt huet.

An engem Interview huet de Knopfler verroden dass si d'Sendung deemools net lauschteren konnten well se engem Kolleg beim Plënneren gehollef hunn. Ma et war dee Moment, deen den Dréi am Liewen vun den Dire Straits brénge sollt. Nodeems d'Lidd gesent gouf, hunn Dosende Plackefirmaen beim Sender ugeruff, fir gewuer ze ginn vu wiem d'Lidd war.
Den Album Dire Straits deen ee Joer méi spéit op de Marché koum, gouf ob der ganzer Welt en Erfolleg.

D'Aart a Weis wéi de Knopfler Gittar gespillt huet war ouni Beispill. Wat de Gesang ugeet sou konnt een e bëssen Bob Dylan eraus héieren.
Nom 2. Album huet dem Mark säi Brudder Dire Straits dunn verlooss. Et gouf interne Kaméidi. Den eelste Brudder hat fir säi Goût eng ze dominant Roll. Déi 2 hu bis Haut kee Kontakt. De gréisste Succès haten Dire Straits mam Album Brothers In Arms aus dem Joer 1985. Dëst Wierk sollt sech ob der ganzer Welt ob d'Plaz Nummer 1 vun den Charts setzen. D'Lidd Money For Nothing, wat en ironesche Bléck ob de Musekbusiness geheit,  war dat éischt wat bei MTV an Europa gespillt gouf.

An och wann Dire Straits zanter dem leschte Joer an der Rock N Roll Hall Of Fame sinn, sou huet dat de Mark Knopfler net dovunner ofgehalen eng Solo Karriär ze starten. Dat nodeems hien am Joer 1995 d'Band heemlech opgeléist huet. 9 ganzer Solo-Albummen si bis ewell erauskomm. Den aktuellen, sou de Mark Knopfler, kéint säi Leschten sinn. De Réck deet wéi an d'Aen wiere net méi déi Bescht.
Haut feiert de Mark Knopfler säi 70. Gebuertsdag.