Hie war de Grënner vun der Band Cream, zesumme mam Eric Clapton huet hien d'Batterie spillen nei erfonnt. Dacks ass awer och säin Temperament mat him duerchgaangen.

19/08/2019 Pop History: Happy Birthday Ginger Baker (80)

Den Ginger Baker zielt als ee vun de beschten Drummer vun der Welt. Seng wëll Energie, seng Innovatioun de Rhythmus deen hien am Blutt hat. Alles dat huet hien zu enger Legend gemaach. Gebuer gouf de Baker dee wéinst senge rouden Hoer Ginger genannt gouf am Süde vu London. Mam richtegen Numm heescht hie Peter Edward Baker.
A jonke Jore wollt hie Vëlosprofi ginn, duerch en Accident ass hien dunn bei d'Batterie komm. Relativ séier huet sech erausgestallt dass hie richtegt Talent dofir hat.

Säi Mentor, de britesche Jazz-Drummer Phil Seamen huet hien ënnert seng Fittiche geholl. Fir de Baker war hien e Gott. Wéi de Seamen hien enges Nuets héieren huet spille sot en zum Baker "Setz dech, ech muss mat dir schwätzen. Du bass deen eenzegen deen dat do drop huet".

Am Joer 1981 packt hien et dunn vum Heroin lass ze kommen. Dee Moment hat hie vill Suen am Nigeria verluer, a seng Batterie stoung ongenotzt an enger Scheier. Hien hat dee Moment näischt besserer ze dinn, wéi Olivebeem an Italien unzebauen.
Spéider seet hien an engem Interview dass d'Abstinenz zu den Drogen, dat bescht war, wat him geschéie konnt. Ma dee Moment loungen seng gréisst Succèse schonn hannert him. 1966 huet hie mam Eric Clapton a Jack Bruce den Trio Cream gegrënnt. 2 Joer méi spéit hu se sech dunn awer erëm opgeléist. Ma de Bilan war e positiven. Lidder wéi Sunshine Of Your Love, White Room a Crossroads hunn sech Milliounefach verkaf.

Seng Rhythmusse sinn nach haut Léierstécker fir Schüler an de Percussiounsklassen.

Säin Temperament an de permanente Sträit mam Bandmember Jack Bruce huet dozou gefouert dass Cream sech schonn no esou kuerzer Zäit opgeléist hunn.