No enger Paus vun direkt e puer Joer ass den Jamie Cullum zeréck an der Musek. Elo wou seng Kanner méi grouss gi sinn an hien ob eemol 12 Joer mat senger Fra bestuet ass, war de Moment komm erëm an de Studio ze goen. De Museker a Brit Award Gewënner kritt haut 40 Joer.

20/08/2019 Pop History: Jamie Cullum kritt 40 Joer

Den Jamie Cullum huet dee groussen Don sämtlech Instrumenter spillen ze kennen. Eppes wat d'Aarbecht am Studio natierlech méi einfach mécht. Seng Elteren hunn allebéid an enger Band gespillt.
A genee do konnt hie schonn éischt Erfarungen an der Musek sammelen. Ë.a Piano a méi spéit och Gittar.
Schonn als jonke Mënsch hat hie vill Optrëtter a Baren a Clubs. Dat huet him et erméiglecht säi Studium ze bezuelen an am Joer 1999 och säin éischten Album "Heard It All Before" opzehuelen.
Dëse koum awer nëmmen an enger klenger Stéckzuel eraus. Ganzer 700 Exemplare ginn et dovun. An déi huet hien nëmmen op Concerte verkaf.
Genee duerch dësen Album gouf den Geoff Gascoyne op de Museker opmierksam. Hien huet de Cullum ageluede fir op deem sengem Lidd "Summer" matzemaachen.

Nodeems de Cullum am Joer 2001 seng Uni an de Fächer Literatur a Film ofgeschloss huet, huet hien säin Album "Pointless Nostalgic" erausbruecht. Am Abrëll vum Joer 2003 koum et zu engem Plackekontrakt mat der Firma Universal Jazz.

Den erfollegräichsten Album war elo an der Maach. "Twentysomething" gouf am Oktober vum Joer 2003 op de Marché bruecht. Nieft Coverversiounen a sengem eegene Stil, ginn et hei och Eegekompositiounen.

Ee Joer méi spéit gouf de Cullum bei de Britawards als British Breakthrough act nominéiert. Hien huet zesumme mam Katie Melua bei der Zeremonie am Earl Court Exhibition Centre gespillt an um Gebuertsdag vun der Queen

Am Joer 2012 huet hien d'Lidd "Standing Still" fir den däitsche Museker Roman Lob geschriwwen. Dësen huet um ESC zu Baku déi 3. Plaz fir Däitschland gemaach.
Den Jamie Cullum, e jonke Mënsch dee scho villes erreecht huet a nach mat Sécherheet eng grouss Karriär virun sech huet.

Haut feiert hien säi 40.