14 Joer sinn et hier dass Rolling Stones mat hirer Bigger Bang Tournee d'Bühnen ob dëser Welt gerockt hunn. Den Optakt hu se zu Boston gemaach. Drënner waren och 27 Concerten an Europa. Keng Tour hat bis dohi méi Suen erabruecht wéi dës. D'Rolling Stones hu sech dann och éischter duerch en Zoufall gegrënnt.

Pop History: Rolling Stones an hier Bigger Bang Tournee

Nach bis haut sinn d'Rolling Stones am Business. Dowéinst ass et déi Band déi am längsten am Musiksbusiness aktiv ass. Se sinn déi kommerziell erfollegräichste Museker vun allen Zäiten.
Ugefaangen huet alles ob engem Muere vum 17. Oktober vum Joer 1961. de Mick Jagger, deemools 18 Joer al begéint eng éischte Kéier dem Keith Richards; ob de Gare vun hirer Heemechtsstad Dartford.
Den Jagger wollt ob London genee wéi de Richards och. Et war d'Schoul déi déi 2 dohi gezunn huet. Se sinn an d'Gespréich komm well de Mick Jagger eng Rëtsch Placken ënnert dem Arm hat. Duerch dësen Interessi ass séier eng Frëndschaft entstanen aus där dann och déi éischt Band draus eraus entstanen ass. Little Boy Blue and the Blue Boys.

Optrëtter goufen et keng bis de 7. Abrëll vum Joer 1962. Deen Dag hu se am Ealing Jazz Club bei engem Concert vun de Blues Incorporated als eng Zort Virband dierfe Jamen. Kuerz drop krut den Jagger eng Offer an eng nei Band kënnen ze goen. Dësen huet d'Offer nëmmen ugeholl well de Keith Richards an den Dick Taylor och matgaange sinn. Esou sinn éischt Lidder entstanen. Déi Kéier ënnert dem Numm Blues Incorporated.
Den éischten Optrëtt ënnert dem Numm The Rolling Stones gouf ob engem Donneschden den 12. Juli vum Joer 1962 gespillt.
Si waren d'Virgrupp fir de Bluessänger Long John Baldry. Am Sall waren eng 100 Spectateure fir déi se Coverlidder gespillt hunn.