1980, "Ashes To Ashes" vum David Bowie geet op d'1 an England. De Video fir d'Lidd ass mat 250'000 Pond dee bis dohinner deiersten aus der Museksgeschicht.

23/08/2019 Pop History: Ashes To Ashes

Haut viru 39 Joer klëmmt d'Lidd 'Ashes to Ashes' vum David Bowie op Plaz NUmmer 1 an England. D'Lidd koum als Single eraus a war um Bowie sengem Album 'Scary Monsters' ze fannen.

D'Singleversioun ass par rapport zu deeër um Album bal eng Minutt méi kuerz. Dee selwechte Mount gouf den David Bowie nach mat der sëlwer Plack ausgezeechent. An Däitschland koum d'Lidd op Plaz Nummer 9, an Éisterräich op Plaz 6 an an der Schwäiz konnt se sech op der 11 plazéieren.

Virun allem de Videoclip huet vu sech schwätze gedoen, ganz einfach well et e mat 250'000 Pond dee bis dohinner deiersten aus der Museksgeschicht war. Dass en iwwerbeliicht ass, war gewollt an e war och an der typescher Ästhetik vun deemools gehalen. An den David Bowie war an enger Phas vun der Verännerung, och dat ass ganz kloer ze erkennen.

Dëse Mount virun 35 Joer ass 'Ashes to Ashes' erauskomm. Iwwregens d'Lidd war d'Inspiratioun vun der britescher Krimiserie 'Ashes to Ashes'. An der éichter Staffel gouf sech méi wéi eng Kéier op de Pierrot aus dem Bowie-Video bezunn.