Deemools haten d'Jonge vun Aerosmith een Zil. "Americas Greatest Rock N Roll Band" ze ginn. Hier éischt Show war definitiv e Schrëtt an déi richteg Richtung. Hiren éischte Concert hu si 1970 um 6. November an der Sportshal vun enger Schoul gespillt.

06/11/2019 Pop History: Éischten Aerosmith Concert

Et war an der Miscoe Hill School am klenge Mendon, Massachusetts. Wahrscheinlech net déi beschte Plaz fir grouss Rocklegenden aus dem näischt eraus ze zauberen. An awer wollte 5 Jongen ëm 20 Joer al et wëssen a spillen hei hiren éischte Concert.
Si hunn dierfen hei spillen, well dem Joe Perry, dem Gittarist vun Aerosmith, seng Mamm net wäit ewech vun der Schoul geschafft huet. Doduerch hat si Connection zu de Responsabele vun der Schoul. Si war et, déi hinnen den Optrëtt an d'Rei gemaach huet.
Dee Moment war de Ray Tabano den 2. Gittarist an der Band. Ee Joer méi spéit sollt hien duerch Brad Withford ersat ginn. Ticket fir de Concert hunn deemools Een Euro kascht.

Jongen haten deemools schonn en explosive Sound, Visiteuren déi sech de Concert ugekuckt hunn, sinn aus dem Staunen net méi erauskomm. D'Leit hunn hire Concert vun deemools mat engem vun de Rolling Stones verglach.

D'Band war sech och net ze schued direkt vun Ufank un e puer Skandaler ze hunn. De Steven Tyler hat do schonn en T-Shirt aus dem Vestiaire geklaut, fir dësen op der Bühn unzedoen, dernieft gouf och scho gutt gedronk, wat an enger Schoul natierlech guer net gutt ugesi war.

Zu deem Zäitpunkt wousst nach keen dass d'Band e wichtege Grondstee fir hier Zukunft geluecht hat. Dobäi ass et d'Formatioun ufanks net an där Constellatioun ginn. 2 Museksgruppe goufen zesummegeluecht. Zum Enge war do Jam Band mam Tom Hamilton a Joe Perry, op der anerer Säit war do nach d'Band The Strangeurs, an där de Steven Tyler an de Ray Tabano dra waren.

2 Joer no hirem Optrëtt an der Miscoe Hill School kruten si e Plackekontrakt beim Major Label Columbia Records.
Si sinn déi amerikanesch Hard Rock Band vun allen Zäiten. Mat méi wéi 150 Mio verkafe Placke weltwäit kënnen si eigentlech dem Perry senger Mamm Merci soen déi et iwwerhaapt emol méiglech gemaach huet dass e Grapp voll Leit d'Chance haten an de Genoss vun Aerosmith komm ze sinn.