Um 8.November 1987 stierwen duerch eng Bomm a Nordirland 13 Mënschen während enger Parad. Dee selwechten Owend spillt déi iresch Band U2 zu Denver an den USA. D'Band spillt deen Owend eng vun den emotionaalsten Versiounen vu "Sunday Bloody Sunday". Am Lidd geet et ëm de Nordirlandkonflikt, bei deem 1972 britesch Zaldoten 28 Zivilisten während engem Protestmarsch erschoss haten.

08/11/2019 Pop Histroy: Sunday Bloody Sunday

Wann een sech mam Lidd "Sunday Bloody Sunday" méi genee beschäftegt, fënnt een Aussoe vun de Museker, iwwert déi een sech Ufanks nach wonnert. Firwat betounen si ëmmer erëm dass d'Lidd keen Zesummenhang mam Bloody Sunday vum Joer 1972 huet. Firwat gouf Lidd op de Concerte vum Bono ëmmer mat "This is not a rebel song" ugesot. Firwat gouf op der Bühn wärend dem Lidd ëmmer e wäisse Fändel gewisen? Fir dat ze verstoe muss een sech e bëssen duerch Zäit wullen.
Nom ireschen Onofhängegkeetskrich vun 1919 - 1921 entsteet déi onofhängeg Republik Irland am Süden an de Rescht dovun, Nordirland, am Nordoste vun der englescher Insel. An Irland war de Gros vun de Leit Katholiken. Nordire ware Protestanten. Esou koum et dass Katholiken an Nordirland ënnerdréckt goufen. Dat huet de Grondstee fir enorme Widderstand geluecht. Dëse sollt laang Joren daueren.
Den 30. Januar vum Joer 1972 ass d'Situatioun eskaléiert a britesch Zaldoten erschéissen 28 Katholiken déi un engem Protestmarsch deelgeholl hunn. An dëser Zäit voller Angscht ass de Bono grouss ginn. Hien selwer huet Spannungen als Kand vun enger protestantescher Mamm an engem Kathoulesche Papp um eegene Leif matgemaach. Hien huet scho fréi erkannt.
Dofir louch et op der Hand als iresch Band e Lidd doriwwer ze schreiwen.
Et wollt een awer keng Stellung iwwert de Konflikt bezéien. Museker ware sech bewosst dass se do e ganzt waarmt Eisen upake géifen. Den Text ass also allgemeng géint de Krich. Et gëtt een net konkret.
D'Lidd gouf awer anescht opgeholl. D'Band hat domat selwer net gerechent. An Irland goufen et mëttlerweil eng Partie Lidder déi wéi fir dës Rebellioun gemaach waren. Sunday Bloody Sunday huet vun deem Moment un mat dozou gehéiert. Schold doru sinn d'Instrumenter. D'Opnam kleng Militäresch Snare gëtt wéi en Militärtrommel gespillt. Och déi elektresch Violinn a wéi se gespillt gëtt dréit dozou bäi. Vun de Kläng vun de Gittaren net ze schwätzen. Fir Iren war dat e "Rebel Song". Dofir d'Annonce vum Bono op der Bühn "This Is Not A Rebel Song", de wäisse Fändel symboliséiert de Fridden an d'Enn vun de reliéise Konflikter, déi een och bäihale wëll.
Bis zum Joer 1987 wou en ähnleche Virfall geschitt, wou 13 Mënsche bei enger Parad stierwen. Et war d'IRA déi dofir verantwortlech war. Esou gouf op deem Dag eng vun den emotionaalste Versioune vu Sunday Bloody Sunday gespillt.