"All I Wanna Do" war dee wuel gréisste Hit vum Sheryl Crow. Haut feiert si 57 Joer.

22/11/2019 Pop History: Happy Birthday Sheryl Crow

Scho fréi koum d'Sheryl Crow bei d'Musek. Kee Wonner, hier Elteren hunn allebéid an enger Jazzband gespillt. Deemno huet d'Sheryl Crow decidéiert Musek ze studéieren. Dono huet si als Museksproff mat behënnerte Kanner geschafft.

De Keyboard dee si ëmmer an der Schoul benotzt huet huet se owes mat ob d'Büne geholl wou se éischt Erfarungen als Sängerin gesammelt huet. E Mataarbechter vun enger Publicitéitsagence huet hier spontan eng Offer gemaach fir Reklamme fir de Radio ze sangen.
Ma d'Karriär vum Sheryl Crow ass réischt un d'Rulle komm wéi de Michael Jackson si am Joer 1987 als Background Sängerinn fir seng éischt Welttournée engagéiert huet. Dono war si nach beim Don Henley an der Band. Kuerz drop koum dun de laang erwaarte Plackekontrakt.
Déi éischt Band huet sech Tuesday Music Club genannt. Den éischten Album mam Numm Tuesday Night Music Club ass am August vum Joer 1993 eraus komm. Den Album selwer huet awer net weider d'Opmierksam op sech gezunn. Eréischt wéi ee Joer méi spéit d'Single All I Wanna Do erauskomm ass gouf den Album e weltwäiten Erfolleg.

Et koum doduerch dann och séier zum Sträit. D'Sheryl Crow hat de Marketing vum Album esou ausgeluecht dass ee konnt dovunner ausgoen dass hatt eng Solo-Kënschtlerin wier.
Et sinn Tournéeë ronderëm d'Welt gemaach ginn. Dernieft war si reegelméisseg Gaascht bei de Rolling Stones. Dës hunn d'Sängerin eng Kéier an engem Interview als kleng Schwëster titeléiert.
Am ganzen huet d'Sheryl Crow 9 Albumen eraus bruecht. Dee leschten heescht Be Myself an ass aus dem Joer 2017.
Allgemeng kann ee soen dass d'Karriär vun der Musekerin bis elo gutt verlaf ass. Si huet am ganze 7 Grammyen kritt.
Och um soziale Plang mécht d'Crow vill. Si spillt dacks ob Concerten déi sech zum Beispill fir benodeelegt Kanner asetzen.