Haut kritt ee vun de ganz grousse Museker aus den 1970er seng 75 Joer

10/01/2020 Pop History: Happy Birthday Rod Stewart

Et ass de Rod Stewart, dee mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken zu den erfollegräichste Popstaren aus Groussbritannien gehéiert. Seng Carrière start hie mat der Jeff Beck Group, wiesselt 1969 bei d'Faces, déi deen Ament grad aus de Small Faces ervirgaange sinn a gëtt do Leadsänger.
Parallel bréngt de Rod Stewart vun 1969 och scho Solo-Albummen eraus. Et sollt awer bis säin drëtte Solo-Disk „Every Picture Tells a Story“ daueren ier hien domat richteg Succès huet an op d'1 an England an an den USA kënnt. Grond duerfir war den Nummer 1 Hit „Maggy May“:

Onvergiess ass hien awer och fir seng 1975er Coverversioun vun der Sutherland Brothers Ballad Sailing:

Oder seng 1978er Disco-Nummer „Da Ya Think I'm Sexy“

Bis an d'1980er era feiert e regelméisseg grouss Hits, steet zum Beispill och 1983 international nach emol ganz vir an den Charts mam Lidd Baby Jane.

Duerno huet de kommerzielle Succès de Rod Stewart eng Grimmel verlooss, seng Albummen a Singele verkafe sech manner gutt, ausser seng Collaboratioun 1993 mat Bryan Adams an dem Sting fir de Film „The Three Musketeers“

Nodeems de Rod Stewart um Enn vun den 1990er Schilddrüsekriebs hat, deen hien am Juli 2000 operéiere gelooss huet, huet hien d'Sangen nach emol nei musse léieren. Privat ass den haut 70 Joer ale Museker zënter 2007 fir drëtt bestuet an huet am ganzen 8 Kanner, déi tëscht 50 a grad emol 8 Joer al sinn.