An der Pop History vun haut felicitéiere mer  dem englesche Sänger a Gittarist Newton Faulkner fir säin 35. Gebuertsdag:

11/01/2020 Pop History: Happy Birthday Newton Faulkner

Gebuer gëtt de Sam Newton Battenberg Faulkner, wéi e mat ganzem Numm heescht, den 11. Januar 1985 an der englescher Grofschaft Surrey. Zënter 1999 huet hien och seng, fir hie ganz charakteristesch Dreadlocks a seng éischt Band war eng Green-Day-Cover-Band, vun do aus mécht hien no an no säi Wee an d'Welt vun der Musek, et sollt awer bis 2007 daueren ier mat „Hand Built By Robots“ dem Newton Faulkner säin éischten Album international erauskënnt:

„Dream Catch Me“ ass säin éischten Hit, deen hien och international bekannt mécht. An Europa sollt hie quasi e One-Hit-Wonder bleiwen, net esou awer a Groussbritannien an Irland, wou sech och seng 3 Albummen duerno gutt verkafen an all Kéier héich an den Charts klasséiere kënnen. Bei de Singele gesäit et do schonn e bëssen aneschters aus, déi packen et och an England just nach rar an d'Charts an dat och net méi ganz vir, obschonns seng Lidder qualitativ sécher net méi schlecht gi sinn am Laf vun de Joeren. De Beweis liwwert do zum Beispill de Song „Clouds“ aus dem Joer 2012:

Säin aktuellen Album heescht „Studio Zoo“ an ass am August 2013 erauskomm. Vu ville gëtt den Newton Faulkner op mannst zënter dem Release vun „Studio Zoo“ och als engleschen Jack Johnson bezeechent, e Verglach, deen, wann ee säin ganzt musikalescht Wierk esou lauschtert, wuel net zu 100% stëmmt, allerdéngs och net ganz vun der Hand ze weisen ass.