D'Spice Girls waren Enn vun den 1990er déi erfollegräichste Girlband iwwerhaapt a bleiwe bis haut déi Meederchersmuseksgrupp mam meeschte Succès. Een vun de 4 Gewierzmeedercher feiert haut Gebuertsdag. D'Melanie Chisholm, alias Mel C, deem seng Carrière 1996 mam Lidd Wannabe ugefaangen hat, gëtt der haut 46.

12/01/2020 Pop History: Happy Birthday Mel C

No der Trennung vun de Spice Girls ass d'Mel C awer och solo erfollegräich. Den 18. Oktober 99 kënnt den éischte Solo-Album vun der Englännerin eraus op deem eng ganz Rei Hits drop sinn, déi éischt Single GOIN DOWN an den Titelsong NOTHERN STAR:

Mä och zwou Nummer 1. an England: I TURN TO YOU an NEVER BE THE SAME AGAIN

Den zweeten Album vum Melanie C, REASON, deen 2003 erauskënnt, ka wuel net ganz un de Succès vun hirem Solo-Debut uknäppen, dat geléngt der Musekerin awer zwee Joer drop nees mam drëtten Disk BEAUTIFUL INTENSIONS op deem de groussen Hit FIRST DAY OF MY LIFE op en Neits ganz Europa begeeschtert:

Zënter hir sinn nach 3 weider Albummen vum Melanie C erauskomm, dee leschten am September 2012, ouni dass awer nach emol e richteg groussen Hit fir d'Englännerin dobäi erauskomm ass.
D'Melanie C, zënter 2009 och Mamm vun engem Meedchen, hat awer nach virum richtegen Debut vun hirer Solo-Carrière schonn drop opmierksam gemaach, dass si wahrscheinlech am beschte vun all de Spice Girls sange kéint. Am November hat de Bryan Adams näämlech schonn e Lidd mam Melanie C erausbruecht, WHEN YOU'RE GONE... En Titel deen et an England bis op d'Plaz 3 vun de Singlecharts gepackt hat!