Haut geet et an der Pop History 34 Joer zeréck, bei ee vun de gréisste Skandaler an der däitscher Museksgeschicht. Dësen erreecht den 13. Januar 1986 wuel säin absoluten Héichpunkt.

13/01/2020 Pop History: Jeanny op der 1 an Däitschland

Deen Dag klëmmt de Falco nämlech op d'Plaz 1 vun den däitsche Singlecharts mam éischten Deel vum Lidd Jeanny

De Falco erzielt am Lidd d'Geschicht vun der Entféierung a Vergewaltegung vun engem Meedchen aus der Perspektiv vum Täter. Et gëtt bis haut ugeholl, dass de Falco sech fir seng Skandalnummer um Meederchersmäerder Jack Unterweger inspiréiert hat, deen 1974 e Meedchen entfouert an ermuerd hat an duerno am Prisong dës Dot ausféierlech a seng Autobiographie néiergeschriwwen hat.
Genee dëst Buch ass Uganks den 80er e richtege Bestseller an der Wiener Schickeria zu där deemools de Falco natierlech och gehéiert an de richteg faszinéiert vum Jack Unterweger ass. Den Unterweger, dee wéinst dem Mord un deem Meedchen iwweregens zu liewenslänglechem Prisong veruerteelt gouf, ass 1990 aus dem Prisong entlooss ginn an duerno ni méi stroffälleg ginn. Bei him hat d'Resozialiséierung also geklappt.

Dat war awer net wouer. Den Unterweger bréngt an de Joeren no senger Prisongsstrof, wéi en op grousser Liesrees mat senger Autobiographie ënnerwee ass net manner wéi 11 weider Fraen ëm. 94 gëtt en op en Neits zu liewenslänglech veruerteelt an begeet den Dag nom Uerteel Selbstmord am Prisong.

Vun där dramatescher Entwécklung weess de Falco natierlech nach näischt wéi hien 1985 säi Lidd erausbréngt, wat an de Wochen nom Release e grousse Skandal an der däitscher Mediëlandschaft ausléist. Fraerechtsorganisatiounen lafe Stuerm, vill Radiosendere spillen d'Lidd guer net an esouguer an der Chartemissioun „Formel Eins“ lafe just Extraite vum Clip, esou laang wéi d'Lidd op der 1 vun den däitschen Charts steet an do ka sech Jeanny (Part One) vum Falco ëmmerhin 8 Woche laang halen, vum 13. Januar bis den 9. Mäerz.