De 14. Januar ass dem Dave Grohl säin Dag. Den Ex Drummer vu Scream, Nirvana a Queens Of The Stone Age kritt haut 51 Joer.

14/01/2020 Pop History: Happy B-Day Dave Grohl

Mat de Foo Fighters ass den Dave Grohl ganz erfollegräich ënnerwee.
No éischten Erfarungen a verschiddene Punk Bands huet hien am Joer 1990 den Chad Channing bei Nirvana ersat. Ma nom Dout vum Kurt Cobain am Joer 1994 huet hien decidéiert seng eege Musek ze maachen.
Fir dat ze maachen huet hien am Studio alleguer d'Instrumenter selwer agespillt. Wéi dat bis gemaach war huet hien um Enn dann awer decidéiert eng Band ze grënnen. Ee Joer méi spéit koum den éischten Album Foo Fighters vun der selwechter Band eraus.
Bis an d'Joer 2011 hu si richteg Gas ginn an am ganzen 8 Albumen eraus bruecht.
Relativ séier goufen aner Museker ob den Dave Grohl opmierksam. Jiddereen huet probéiert de Museker fir verschidde Projeten z'engagéieren. Hien huet z.B Drum-Deeler fir Tenacious D gespillt. D'Band vum Jack Black.
Et koumen och Engagementer fir aner Gruppen. Esou war hie fir eng gewëssen Zäit bei de Queens Of The Stone Age aktiv. Den Album Songs For The Deaf huet hie mat hinnen zesummen opgeholl. Eng weider Kéier huet hien am Joer 2012 mat hinnen zesumme geschafft.
De 7. Juni vum Joer 2008 huet de Grohl et fäerdeg bruecht virun 85.000 Leit ze spillen. Et war e Foo Fighters Projet deen zesumme mam Jimmy Page vu Led Zeppelin an John Paul Jones ëmgesat gouf.
Fir Musek-Dokumentatioun Sound City huet hien d'Regie gefouert. Am Film geet et ëm de Sound City Studio zu L.A an deem Musekslegende wéi Fleetwood Mac, Neil Young, Rage Against The Machine oder och Metallica geschafft hunn. Nirvana net ze vergiessen.
Net ze vergiessen ass de Beebroch. En Accident dee wärend dem Concert zu Göteborg geschitt ass. Hien ass vun der Bühn gefall an hat sech dat riets Bee gebrach. No enger kuerzer Behandlung huet hien de Concert op en Enn gespillt. Genee wéi d'Tour déi gréisstendeels am Sëtzen ob en Enn gaangen ass.
De Rolling Stone huet de Grohl ob déi 27. Plaz vun den 100 beschten Drummer vun der Welt gesat.