42 Joer sinn et haut, dass "The Eagles" mam Album "Hotel California" op der éischter Plaz vun den amerikaneschen Charts stoungen. Laurent Gillander.

15/01/2020 pop History: The Eagles & Hotel California

Den Album Hotel California koum schonn am Joer 1976 eraus. Et war den éischten Album bei deem de Bernie Leadon, ee vun de Grënnungsmembere vun den Eagles net méi mat dobäi war.
Dofir war et den éischten Album mat Joe Walsh. Fir de Bassist a Sänger Randy Meisner war et de leschten Album.
De 5. Album gouf villäicht och dowéinst zu engem vun de gréisste kommerziellen Erfolleger vun der Band. 16 Mio mol huet e sech eleng an den USA verkaf. Aus deem Grond gouf en och als ee vun den am meeschtverkaafte Studio-Albumen ugesinn.
8 Woche stoung en am ganzen ob der Plaz Nummer 1 vun den amerikaneschen Album Charts.
Um Album waren dann och 2 Singlen drop déi all Kéier op déi éischt Plaz vun den Charts packe sollten. Eng Kéier New Kid In Town

D'Lidd ass de 26. Februar op d'1 vun den Charts geklommen. En anert Lidd war, dir kënnt iech et schonn denken

Hotel California. D'Lidd klëmmt de 7 Mee op d'Nummer 1.
Am Lidd geet et ëm den amerikaneschen Dram dee sech spéider als en Albdram entpuppt. Dekadenz an der Verfall vum American Way Of Life an de 70er sinn hei en Thema.
Den Text deen een ob déi verschiddenst Manéieren interpretéiere kann huet vill Spillraum fir Rumeure gelooss. Sou sollt et ëm eng Hippie-Sekt goen. Ëm Satanisten oder ëm eng zoue Psychiatrie aus där ee net fortlafe konnt. Eng aner Interpretatioun gesäit den Hotel California als Metapher fir Drogesucht. Den Hotel erfëllt all Wonsch ma et kënnt ee net méi draus eraus. Alles Geschichten déi ni vun der Band confirméiert nach dementéiert goufen. A genee dat ass et wat esou e Lidd ausmécht.

An Europa reduzéiert sech de Bekanntheetsgrad vun den Eagles quasi just ob déi 2 Lidder. An Amerika war dat dogéint eng ganz aner Saach. Zanter dem Joer 2001 steet den Album Hotel California ob der 15. Plaz vun deenen Albumen déi sech am meeschte verkaf hunn.