D'Helen Folasade besser bekannt ënnert dem Numm Sade kritt haut 61 Joer.

16/01/2020 Happy B-Day Sade

 An den 80er Jore läit schonn eng turbulent Zäit hannert dem Sade. Hier Elteren hate sech getrennt wéi si 4 Joer al war. Dee Moment ass d'Sade mat hirer Mamm an hirem Brudder an England geplënnert. Dat war awer net zu hirem Nodeel. Hei huet si Moude-Design studéiert an huet och nach niewelaanscht als Fotomodel geschafft. A wéi dat dann esou geet, léiert een dann och vill nei Leit kennen. Esou geet et och beim Sade. Si kënnt a Kontakt mam Stuart Matthewman. Mat him huet si e puer Stécker komponéiert. Vu 1989 bis 1994 war si mam Carlos Scola bestuet.

Dono huet si mam jamaikanesche Produzent Bob Morgan zesumme geschafft. D'Karriär koum esou richteg un d'Lafe wéi si 4 Demoen opgeholl huet. Dorënner ware Smooth Operator a Your Love Is King. D'Lidder goufen awer iwwerall refuséiert. Et war de Plackefirmaen ze vill Jazz an der Musek. An den 80er Jore gouf d'Musek an der Haaptsaach vun Drumcomputeren dominéiert.

Eréischt nodeems d'Sade op der Titelsäit vun der Zeitung The Face ze gesi war an en Optrëtt am Londoner Nightclub Heaven dobäi koum, krut si e Plackekontrakt bei Epic Records.
Vun deem Moment u konnt d'Sade esou richteg weise wat si konnt. Bannent 6 Woche goufen am Studio 15 Titelen agespillt. 9 vun deene Lidder koumen op den Debutalbum drop. Dësen heescht Diamond Life.

Ma d'Sade eleng wollt bestëmme wéi eng Lidder op den Album drop kommen. E Wëllen, dee si och duerchgesat huet. Dofir hunn dann och e puer Produzente missen dru gleewen.
Den Album huet sech um Enn iwwer 10 Mio mol verkaf. Et koumen Optrëtter zu Montreux um Jazz Festival dobäi an e Grammy huet si och nach dierfen entgéint huelen. Fir d'Saach komplett ze maache krut d'Sade eng Roll am Film Absolute Beginners ugebueden. D'Lidd Killer Blow wat am Film ze héieren ass och vun hier.

Bis an 00er Jore war d'Sade relativ dacks um Musikalesche Plang ënnerwee. Duerno war et awer un der Zäit fir eng Paus ze maachen, bis an d'Joer 2011. Duerno koum eng nei Tournée an eng Ultimate Collection CD eraus. Hei waren nach eemol déi gréissten Hits drop.