E Mann, dee sech, wéi et schéngt duerch näischt aus der Rou brénge gelooss huet ass de Bobby Goldsboro. Hien hätt kéinten an de 60er Jore ob den Zuch vun de Stones an de Beatles opsprangen. Hien ass sech a sengen Stil, de Balladen trei bliwwen. Haut kritt hien 78 Joer.

18/01/2020 Pop History: Happy Birthday Bobby Goldsboro

Nieft der Schoul Musek maachen. Esou maachen et nach haut vill Kënschtler. Firwat och net. An de 60er Joren huet de Bobby Goldsboro et genee esou gemaach. Den Dag iwwer goung et an d' Schoul dono an de Proufsall. Dee Moment war de Goldsboro Member bei de Webbs.
D'Band huet gutt geschafft. Esou gutt dass de Roy Orbison ob si opmierksam ginn ass a se als Begleetband engagéiert huet.
Ganzer 2 Joer huet de Goldsboro beim Orbison Gittar gespillt a Lidder geschriwwen.
Fir aus deem Schied eraus ze kommen, huet hien am Joer 1962 seng éischt Solosingle opgeholl. You Better Go Home. E Succes war et net.

Ma de Goldsboro huet net opginn an direkt eng 2. Single erausbruecht. Molly huet se sech genannt. Dës Single packt et ëmmerhin op déi 70. Plaz vun den US Charts.
Eng Zesummenaarbecht mat den United Artists packt et am Januar vum Joer 1963 an Top 10. Et war d'Lidd Little Clown. Et war dee Moment, wou den Orbison dem Goldsboro geroden huet eng Solo Karriär ze maachen.
Hien koum an de Virprogramm vun de Stones, an hat weider Lidder an den Charts. Et waren d'Lidder Little Things Vodoo Woman oder och It's Too Late an Blue Autumn.

60er Joren waren eng wëll Zäit an der Musek. D'Beatles an d'Rolling Stones hu mat hirer Musek an den USA grouss Erfolleger gefeiert. Hire Stil huet Musekwelt zu deem Zäitpunkt dominéiert.
De Goldsboro huet sech dovunner awer net beandrocke gelooss. Hien ass bei senge Ballade bliwwen.
Mam Lidd Honey aus dem Joer 1968 hat hie säi gréissten Hit. Geschriwwe gouf d'Lidd vum Bobby Russel. D'Lidd wat ëm den Dout vun enger jonker Braut geet, war net nëmme 5 Wochen op der Plaz 1 vun den Charts, et huet no der Nei-Verëffentlechung am Joer 1975 nëmme knapp Spëtzepositioun an de UK Charts verpasst.

De Bobby Goldsboro huet awer och Lidder fir Aretha Franklin, John Denver, Paul Anka, Dolly Parton a Bette Midler geschriwwen. Am ganzen hat hien 26 Lidder an US Billboard Charts an 12 Lidder an den US Country Charts.

An de 90er huet hien ugefangen Kannerbicher ze verëffentlechen, dernieft huet hien Fernsehprogrammer fir Kanner gemaach, Nottament fir den Disney Channel an PBS.