De Robert Palmer ass den 26 September vum Joer 2003 gestuerwen. Haut géif hien 71 Joer kréien.

19/01/2020 Pop History: Happy Birthday Robert Palmer

De Robert Palmer huet sech vum Nat King Cole an Otis Redding beaflosse gelooss.
Et war an England, wou et him gelongen ass lues awer sécher e Bekanntheetsgrad opzebauen. Sou war hie mat der Band Vinegar Joe relativ erfollegräich, hien huet hei un der Säit vum Elkie Brooks um Gesang assistéiert. Nodeems dës Band sech opgeléist huet, hunn déi 2 eng Solo-Karriär ugefaangen.
Den éischten Album vum Palmer huet sech Sneakin Sally Through The Alley genannt. Dësen huet am Hierscht vum Joer 1974 nëmmen d'Kritiker beandrockt, an zwar negativ. Den 2. Album Pressure Drop koum am Hierscht vum Joer 1975 eraus, och dësen huet sech net wierklech gutt verkaf, dat huet dozou gefouert dass de Palmer säi Sound geännert huet. Fir den 3. Album Some People Can Do What They Like huet e Rock mat Reggae gemëscht. Sou ass eng éischte Kéier d'Opmierksamkeet op hie gefall ass. Et ass awer nach net duergaange fir den Duerchbroch ze packen.
Dee koum eréischt am Joer 1978, mat der Single Every Kinda People. D'Lidd placéiert sech an den Top 20. Genee wéi déi Single, déi ee Joer méi spéit erauskoum. Bad Case Of Loving You.
An Europa sollt de Succès dann 2 Joer méi spéit kommen. D'Lidd Johnny & Mary war en Top 10 Hit bei eis. D'Lidd sech en 3/4 Joer an den däitsche Charts gehalen.
Domat war et dat dann och scho fir de Robert Palmer bei eis an Europa.
E puer Joer méi spéit huet hien nach d'Band Power Station gegrënnt. Mat an där Band waren den John an den Andy Taylor vun Duran Duran an den Tony Thompson vu Chic. Am Summer vum Joer 1985 haten si nach eemol e puer Hitten. Notamment Some Like It Hot Get It On a Communication.
De gréissten Hit ass dem Palmer am Joer 1986 gelongen. D'Lidd Addicted To Love war dem Robert Palmer seng eenzeg Single déi et op Plaz Nummer 1 vun de Billboard Charts gepackt huet. Um Enn krut hie souguer e Grammy dofir.
Déi héich Deeler am Lidd sollten ufanks vum Chaka Khan gesonge ginn. Dat hat awer Diskussioune mat der Plackefirma, sou dass déi Zesummenaarbecht ni zustane komm ass.
Am Mee vum Joer 2003 huet de Palmer säi leschten Album eraus bruecht. Drive. Et war eng Sammlung vu Blues-Interpretatiounen. De Palmer ass am selwechte Joer de 26 September un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.