There You Go huet sech déi éischt Single vum Pink genannt. Se ass haut virun 20 Joer erauskomm. Et war de Kick Off fir eng grouss Karriär.

08/02/2020 Pop History: Éischt Single vum Pink

D'Lidd war um Debutalbum vun der Sängerin drop. Den Album selwer koum awer eréischt am Abrëll eraus. Déi éischte Single There you Go ass haut virun 20 Joer eraus komm an huet eng éischte Kéier op d'Musekerin opmierksam gemaach. D'Lidd hat nieft 3 anere Singlen direkt e grousse Succès an den Charts. Fir d'Pink sollt dee Moment eng Billerbuch Karriär ufänken.Eppes fält dann och op. D'Pink bleift sengem Stil trei. Seng Melodien erkennt een direkt. Dat ass eppes wat engem Museker a sech net grad an Karte spillt. Ma beim Pink schéngt dat kee Problem ze sinn.
Dat weise 40 Mio verkafen Albumen esou wéi bal 80 Mio verkafe Singlen. Domat ass hatt eng vun den erfollegräichste Musekerin aus eiser Zäit.

De Papp huet d'Famill verlooss wéi d'Pink 7 Joer al war. Eppes wat d'Musekerin nëmme schwéier verdaue konnt. Dobäi koum nach dass d'Mamm ëmmer méi Kontroll iwwer hiert Meedche verluer huet. D'Pink huet ugefaangen Drogen an Alkohol ze huelen. Dee Moment war grad mol 11 Joer al.

Nodeems d'Mamm hier Duechter am Alter vu 16 Joer aus erausgehäit huet huet hatt sech mat klengen Aarbechten iwwer Waasser gehalen. Hatt huet an engem Imbiss geschafft an deem hatt ugefaangen huet Gedichter ze schreiwen an dësen huet hatt seng Gefiller a seng Erfarungen zum Ausdrock bruecht. Eent vun dëse Gedichter war d'Grondlag fir d'Lidd Family Porträt.

Seng Karriär als Musekerin huet ugefaange wéi hatt wéinst sengem schwéieren Asthma Gesang an Danzcoursë krut.  Am Laf vun der Zäit konnt mat senger Stëmm ëmmer besser ëmgoen. Hatt ass Member an engem Kierchechouer ginn.
Kuerz drop huet hatt an verschiddene Bands gesonge bis en DJ ob dat deemools 13 Joer alt Kand opmierksam ginn ass. Vun deem Moment un huet hatt 1 Mol d'Woch an deem Club dierfen optrieden.

De Start vun der Karriär war um gudde Wee. Lidder wéi:
Get the Party Started • Don’t Let Me Get Me • Just Like a Pill oder och  God Is a DJ • Last to Know • Stupid Girls hunn d'Pink no a no zu engem Mega Star gemaach.