De britesche Sänger, Songwriter, Sänger a Moler Holly Johnson kritt haut 60 Joer.

09/02/2020 Pop History: Happy Birthday Holly Johnson

Fir den Holly Johnson huet sech vun Ufank un alles ëm d'Musek gedréint. An de spéide 70er Jore war hie Member bei der britescher Punk-Band Big In Japan.
Bekannt gouf hien awer duerch de Grupp Frankie Goes To Hollywood déi vun 1983 bis 1987 ganz erfollegräich an den Charts ënnerwee waren.
Well hien awer net mat der musikalescher Richtung vun der Band averstane war huet hien am Joer 1987 decidéiert d'Band ze verloossen.

De Holly Johnson an de Paul Rutherford waren an den 80er Joren déi éischt Kënschtler déi sech oppen zu hirer Homosexualitéit bekannt hunn. Am Fréijoer vum Joer 1989 huet hien säin éischte Soloalbum eraus bruecht. En ass direkt op déi éischt Plaz vun den englesche Charts geklommen.
2 Joer méi spéit krut hien Diagnos HIV Positiv ze sinn. Am Joer 1993 huet hien d'Krankheet ëffentlech gemaach. Hien ass zanter 28 Joer mat Krankheet infizéiert. Domat zielt den Holly Johnson zu deene Leit am längste mat dëser Krankheet iwwerlieft hunn.

Ee Joer méi spéit huet hien seng Autobiografie eraus bruecht. De Numm: A Bone In My Flute. Schonns an de fréien 80er Joren huet den Johnson ugefaange mat molen. Et ass e ganz spezielle Stil deen hie praktizéiert. Dernieft spigelt sech seng Homosexualitéit a senger Wierker zeréck.
Hien huet sech bis am Joer 2011 bal ganz aus der Musek zeréck gezunn. Am Joer 2012 war hien eng éischte Kéier erëm op enger Bün aktiv. Bei engem Concert an Däitschland spillt hien hei och Lidder vu Frankie Goes To Hollywood. Ee Joer drop koum e Soloalbum eraus. Säin éischten no 15 Joer.
Zanter dem Joer 1984 lieft den Holly Johnson mam Wolfgang Kuhle am Weste vu London.
Haut kritt hie 60 Joer.