Déi amerikanesch Soulsängerin, Pianistin a Songwriterin kritt haut 83 Joer.

10/02/2020 Pop History: Happy Birthday Roberta Flack

Roberta Flack ass bekannt ginn, nodeem si d'Lidd "Killing Me Softly With His Song" am Joer 1972 gesongen huet. Dës Versioun gouf Jore méi spéit nach eemol vun de Fugees gesongen.
Bei d'Musek ass d'Roberta Flack komm, nodeems si doheem duerch schwaarz Reliéis Musek a Kontakt komm ass. E bësse méi spéit huet si ugefange Piano ze spillen. Et war en ale Piano dee vun hirem Papp an d'Réi gesat ginn ass. Spéider huet se dunn Stonne geholl a sech am Gesang ausbilde gelooss.
D'Roberta Flack war esou gutt an der Schoul, dass si direkt e puer Klassen iwwersprange konnt.

Fir hirer Entwécklung awer net ze schueden huet se um Enn eng Klass 2 Mol gemaach.
Am Alter vu 15 Joer huet si schonn hier eege Klass dirigéiert. Si war déi éischte schwaarz Museksschülerin. Am Alter vu 19 Joer krut si hei hiren Diplom. Wéi hire Papp gestuerwen ass war si gezwongen de Conservatoire ze verloossen.
Si gëtt englesch a Musek Proff an enger Schoul zu "Farmville" am Norh Carolina. Si war därmoosse frustréiert, dass se gekënnegt huet fir zu Washington aarme Kanner Schoul ze halen.

Gläichzäiteg baut se niewelaanscht hier Karriär als Musekerin aus.
Hier exzeptionell Stëmm bréngt hier séier Optrëtter. Ufanks a méi klenge Clubs, dono an ëmmer méi grousse Venues.
Ënnert de Spectateure ware Leit wéi, Woody Allen oder Bill Cosby, dacks stoungen se och all zesummen ob der Bün.
Wéi si eng éischte Kéier virun engem Produzent gesongen huet, hat d'Roberta Flack e Repertoire vu 600 Lidder. 42 Stéck huet si an enger Auditioun gesongen. De Joel Dorn huet iwwer si jugéiert an um Enn produzéiert. Den éischten Album huet sech "First Take" genannt. Hannendrun koum "Chapter Two". Hei ware Lidder vum Bob Dylan drop. Ma dem Roberta Flack hu se net weidergehollef.
Den deemools nach jonke Clint Eastwood huet fir de Film "Play Misty For Me" d'Lidd "The First Time Ever I Saw Your Face" erausgesicht. D'Roberta Flack war vun deem Moment un iwwer Nuecht e Weltstar ginn. D'Lidd stoung ob der éischter Plaz vun den Charts.
De Präis fir de beschten Album krut si am Joer 1974 bei de Grammy Awards . Den Album "Killing Me Softly" mam selwechte Lidd sollt si onstierflech maachen.