Haut sinn et schonn 8 Joer hier, dass eng vun de gréisste Popsängerinne vun allen Zäiten ëm d'Liewe komm ass. No baussen di perfekte Karriär - hannert de Kulisse gesäit et beim Whitney Houston anescht aus.

11/02/2020 Pop History: Doudesdag Whitney Houston

D'Sängerin mat der grandioser Stëmm gëtt haut viru 8 Joer zu Beverley Hills an der Bidde vun engem Hotel, Gesiicht no ënnen, dout opfonnt. Si war erdronk - chronesche Mëssbrauch vun Alkohol an Drogen hunn och hir Spuren hannerlooss. Een Dag virun de Grammy Awards de Schock fir di ganz Musek-Szen an di ganz Welt. Wéi konnt et dozou kommen, dass di sou perfekte Karriär esou konnt endegen?

Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss. Direkt den Debutalbum schléit 1985 an wéi eng Bomm. De Plackeproduzent Clive Davis huet d'Geschäft vum Liewen an der Nues, a sollt sech net ieren

15 Millioune mol verkeeft sech di éischte Plack vum als onschëlleg vermaarte Whitney, dat och de banaalste Lidder Liewen anhauche kann. Mam 2. Album geléngt et hir als éischtem Interpret iwwerhaapt, vu 0 op 1 an d'Billboard Charts eranzeklammen

Mat 7 konsekutiven Singelen erreecht d'Whitney d'Spëtzt vum Klassement, a brécht den ale Rekord vun de Beatles an de Bee Gees. E Weltstar war geplangt, an ass erfollegräich gebuer. D'Maschinn leeft. Privat huet di attraktiv Sängerin kuerz Affären mat den Acteuren Eddie Murphy a Robert De Niro. 1992 bestit si awer de Rapper Bobby Brown. Nach dat selwecht Joer lant si och dee nächste kommerzielle Succès

Hiren Hollywood-debut gëtt d'Whitney Houston am Bodyguard, a séngt direkt och puer vun de Lidder fir de Film an. De Soundtrack verkeeft sech méi wéi 45 Millioune mol, de Cover vum Dolly Parton Lidd "I will always love you" gëtt eng vun den erfollegräichste Singelen iwwerhaapt.

Duerno ass endlech méi Zäit fir Privates. Guddes wéi schlechtes. Hir Duechter kënnt op d'Welt - hire Mann, alleng, oder di 2 zesumme, suerge fir allméiglech Skandaler. Musikalesch Neits dann endlech 98 mat engem neie Solo-Album, deen d'Whitney am imaginäre Ranking vun de Soulsängerinne, rëm virun di entretemps grouss Konkurrentin Mariah Carey brénge soll.

Am neie Joerdausend schéngt d'Karriär vum Whitney Houston awer duerch ze sinn. Trotz 140 Millioune verkaafte Placken. Trotz neiem Kontrakt iwwer 100 Milliounen Dollar. Ze heefeg gi Problemer mat Drogen, mam Entzuch, a mat hirem exzentresche Mann. Dee gëtt se zwar opmannst lass, 2007 gi Bobby a Whitney gescheet, all di aner Problemer bleiwen awer.

E leschte Versuch kënnt 2009 mam Album I look to you - weder deen, nach Concerten kënnen d'Karriär retten, oder op mannst relancéieren. Verhalt a Stëmm si fort - sou wéi de Glamour, d'Aura - alles war jorelaang sou perfekt gelaf. Wahrscheinlech ze perfekt - wourun se zerbrach ass. Ironescherweis huet d'Whitney Houston den Dag no hirem Dout op de Grammy Awards 2012 hire leschte grousse, wann och posthumen Optrëtt.