Haut virun 20 Joer stoung de 19. Studio-Album vum mexikanesche Gittarist Carlos Santana op der Nummer 1 vun den Album Charts. Et ass e remarquabelt Wierk, fir dat hien 8 Grammyen gewonnen hat.

14/02/2020 Pop History: Supernatural

Tëscht de Joren 1998 a 1999 ass den Album entstanen. Et war eng opwänneg Produktioun, bei där net nëmme Produzenten sech ofgewiesselt hunn, ma och déi verschidden Technike fir opzehuelen hu gewiesselt, genee wéi d'Plaze, wou opgeholl gouf.
De Gros vun den Enregistrementer gouf awer a Kalifornien gemaach. An de Fantasy Studioen zu Berkeley.
Nom technesche Volet huet de Santana och Wäert drop geluecht dass och d'Formatioun geännert huet. Hien huet ënnert anerem mam Songwriter Dave Matthews zesumme geschafft, oder mam Everlast deen am Hip Hop aktiv ass. Nach mat dobäi waren de Rob Thomas, de Cee Lo Green an d'Lauryn Hill. Ech ka se hei net all opziele ma den Eric Clapton wëll ech net vergiessen.

Den Album placéiert sech an 13 Länner op der Nummer 1 vun den Charts. A villen anere steet en op mannst an den Top 5.
Kee wonner dass de Carlos Santana 15 mol Platin krut. An domat net genuch. Bei de Grammyen am Joer 2000 krut hie fir d'Wierk 8 Präisser. Ë.a fir de beschte Rock Album. D'Single Smooth gouf d'Single vum Joer.

An och vun de Kritiker krut den Album vill positiv Bewäertungen. Et ass ee bestëmmte Lidd, wat ëmmer erëm genannt gëtt. Do You Like The Way.

Lidd gouf zesumme mam Lauryn Hill opgeholl.
Den Album koum deemools op CD an op Plack eraus. Dernieft gouf e Live Concert opgeholl deen een och op DVD kafe konnt.
An engem Club-Concert koum dann och eng Gittar-Kamera zum Asaz. Mat dëser Vue konnt een dem Carlos Santana e bësse méi genee op d'Fanger kucken.