Virun 23 Joer stounge U2 mat hirem 9. Studioalbum nawell gutt an den Charts.

22032020 Pop History_RICHTEG

Den 22. Mäerz 1997 geet den 9. Studioalbum vun der Band ronderëm de Bono an The Edge op d'1 an déi amerikanesch Albumcharts. Et ass dee 5. Album noeneen, deen d'Iren an de States op d'1 vun den Charts kréien, nodeems hinnen dat 1987 eng éischte Kéier mat hirem legendären Album “The Joshua Tree” gelonge war.
Mam Pop- Album, un deem U2 schonn 1995 ugefaangen haten ze schaffen, féiert d'Band hir musikalesch Neiausriichtung, déi hinnen als enger vun de wéinege grousse Bands aus den 1980er dat musikalescht Iwwerliewe geséchert hat konsequent virun. Schonn déi éischte Single, déi am Februar, e puer Woche virun Release vum ganzen Album erauskomm war, weist dass op POP nei Sounds vun U2 z'erwaarde waren:

Discotheque geet an England op d'1 vun de Singlecharts an erreecht a bal allen anere Länner vun der Welt en Top Ten Klassement. Et ass awer net wéi wann U2 op hirem 1997er Album POP net och Lidder drop gehat hätten, déi méi no deem geklongen hunn, wat se grouss gemaach hat. Eent vun deene Lidder war déi zweete Single Staring at the sun.

D'Singelen, déi U2 duerno nach aus engem Album ausgekoppelt hunn, dee bis haut vu ville U2 Fans nach ëmmer mat gemëschte Gefiller gesi gëtt, ware LAST Last Night On Earth, Please an If God Will Send His Angels.

If God will Send his Angels war virun allem an der Belsch a Frankräich e groussen Hit, wat een absolut net méi vun der leschter Singleauskopplung aus POP, dem Lidd Mofo soe kann, wat sech kaum enzwousch an den Charts klasséiere konnt.

De ganzen Album POP goung am Mäerz virun 23 Joer awer an net manner ewéi 27 Länner direkt op d'1 vun den Albumcharts, dorënner och d'USA wou POP eng Woch laang dee meeschtverkaaften Album war.