35 Joer sinn et haut op den Dag hier, dass de Philip Bailey, zesumme mam Phil Collins eng Nummer 1 an England hat. Et kann ee bal soen dass mer haut e "One Hit Wonder" an der Pop History hunn.

23032020 Pop History Easy Lover

Den 23. Mäerz 1985 klëmmt d'Kollaboratioun tëscht dem Ex-“Earth, Wind & Fire“-Frontmann Philip Bailey an dem Genesis-Batteur Phil Collins mam Titel Easy Lover op d'Plaz 1 an England, wou d'Lidd, wat déi zwee zesumme mam Nathan East geschriwwen haten a wat och um Bailey sengem erfollegräichste Solo-Album Chinese Wall ze fannen ass, sech 3 Woche laang hale kann:

Punkto Text ass Easy Lover sécher kee grousse Worf. Et geet einfach nëmmen eng attraktiv Fra, déi nëmme schwéier ze zëssen ass, mä virun allem d'Batterie, natierlech gespillt vum Phil Collins an de Falsetto-Gesang vum Philip Bailey, maachen aus Easy Lover ee vun de ganz grousse Klassiker aus den 1980er.

D'Lidd selwer ass an Europa eréischt am Februar 1985 als éischt Solo-Single vum Philip Bailey verëffentlecht ginn, war awer schonn am November 84 an den USA erauskomm, wou et mat der zweeter Plaz an de Billboard Hot 100 nëmme knapp keen Nummer 1 Hit ginn ass.
D'Plaz 1 erreecht Easy Lover duerfir awer net just haut viru genee 35 Joer an England, mä och am Kanada, a Japan an an Holland. Déi zwou nächst Singleauskopplungen aus dem Philip Bailey sengem Solo-Debutalbum Chinese Wall, Photogenic Memory an den Titelsong Walking On The Chinese Wall, komme bei Wäitem net méi un den Erfolleg vun Easy Lover erun.

Walking On the Chinese Wall ass nach dat Lidd wat am Beschten ukënnt a kann sech am Holland, wou Easy Lover jo, genee ewéi an England och, en Nummer-1-Succès war, ëmmerhin nach op der 25 klasséieren.