Hien ass ee vun de ganz grousse Museker aus de läschte 50 Joer. Zënter 1995 ass hien ee Sir an ouni den Elton John géif der britescher Musekswelt ee vun de ganz Grousse feelen. E groussen, deen haut 73 Joer kritt.

25032020 Pop History Happy Birthday Elton John

Gebuer gëtt hien als Reginald Kenneth Dwight den 25. Mäerz 1947 am englesche Middlesex. No der fréier Scheedung vu sengem Elteren wiesst de Reginald bei senger Groussmamm op, geet mat 11 Joer op d'Royal Academy of Music a start nach als Schüler als Pianist fir sech e puer Suen dobäi ze verdéngen:

Seng éischt Band Bluesology grënnt hien 1965 a léiert zwee Joer drop de Bernie Taupin kennen, mat deem hien duerno méi ewéi erfollegräich zesumme schaffe sollt. Den Elton John komponéiert den Taupin schreift d'Texter an déi Kombinatioun gëlt fir bal all Hit vum Museker. Seng Carrière start esou richteg 1970 mat der zweeter Single aus dem Elton John sengem zweeten Album, mam Lidd YOUR SONG:
Rocket Man, Crocodile Rock, Daniel an Don't Go Breaking My Heart, sinn nëmme e puer vun den Hits aus den 1970er, mat deenen den Elton John regelméisseg bis op 1 an Amerika klamme kann.
Och an den 1980er ass de Succès vum briteschen Museker, deen duerch seng Carrière villes net mat Moosse gemaach huet, dozou zielen och Drogen- an Alkoholkonsum, virun ongebrach. Hits ewéi Blue Eyes, I'm Still Standing, Nikita oder Candle in the Wind si Klassiker aus deem Joerzéngt:

Et sollt awer bis 1990 daueren, ier den Elton John an England en éischte Solo-Nummer-1-Hit lande kann mat der Balade Sacrifice:

Säi gréissten Hit feiert den Elton mat enger neier Versioun vun sengem 1987er Klassiker Candle In The Wind, déi hien 1997 um Begriefnis vun der Lady Di spillt:

Candle In The Wind 1997 ass mat iwwer 33 Millioune verkaafte Singelen, bis haut, déi erfollegräichste Single aus der Museksgeschicht. Och wa seng Singelen haut net méi grad esou present an den Charts sinn ewéi dat bis Enn vun den 1990er nach de Fall war, esou verkafen seng Albumen an Tournéeë sech nach ëmmer richteg gutt. Privat ass den Elton John, dee sech 1976 als Bi-sexuell geout hat, sech ewell awer oppen zu senger Homosexualitéit bekennt, ewell och ukomm. Zënter 2005 ass hie mam David Furnish gepaxt an zënter 2014 sinn déi zwee och bestuet.
D'Koppel huet ewell och zwee gemeinsam Bouwen, déi vun der selwechter Fra ausgedroe goufen, an déi fir den Elton John de gréisste Kaddo iwwerhaapt sinn

Haut feiert de Sir Elton John, alias Reginald Kenneth Dwight, also säi 73. Gebuertsdag.