De Stephen Victor Tallarico oder besser bekannt ënnert dem Numm Steven Tylor kritt haut 72 Joer. De Papp vun der Actrice Liv Tyler ass och de Frontmann vun der Band Aerosmith.

26032020 Pop History Happy BDay Mr Tyler

Et war ufanks de 70er Jore wéi den Tyler zesumme mam Joe Perry d'Band Aerosmith gegrënnt huet. Ier et awer esouwäit komm ass war hien d'éischt mol Drummer a 5 verschiddene Bands.

Déi 2 haten zimmlech séier hire Numm. Se waren allebéid staark Drogesüchteg, dofir huet een se séier Toxic Twins genannt.
Dat huet hien och ob der Bün gewisen. Dacks hat hien eng Fläsch Jack Daniels dobäi. Dës Gewunnecht huet hien sech awer mëttlerweil of gewinnt.

Ugefaangen huet dann alles mat engem Plackekontrakt bei Columbia Records. Déi éischte Single war Dream On an ass am Joer 1973 eraus komm.
D'Lidd packt et ob déi 166 Plaz vun de Billboard Charts. De Succès vun Aerosmith koum eréischt mat der 3. LP Toys In The Attic. Hei ware Lidder wéi Sweet Emotion, Big Ten Inch Record a Walk This Way drop. Et war och deen Album mat deem si endlech hire Stil fonnt haten.

Natierlech ass et och hei komm wéi et huet komme missen. Et gouf Sträit an e puer Memberen hunn d'Band verlooss fir eege Saachen ze maachen. No e puer Joer konnten déi 2 Museker de Steven Tyler dozou iwwerrieden an en Entzuch ze goen an esou erëm zesumme fir Aerosmith Musek ze maachen.

Ma et ass hinnen net méi wierklech eppes gelongen. Et huet ee Moment esou ausgesi wéi wann déi grouss Zäit vun Aerosmith eriwwer gewiescht wier. Eréischt den Album Permanent Vacation aus dem Joer 1987 huet der Welt gewisen dass Aerosmith net dout ze kréie sinn.
CUT Janie's Got A Gun
An et sollt viru goen. Albume wéi Pump mat Lidder wéi Janie's Got A Gun oder Love In an Elevator si gutt gelaf. Och den Album Get A Grip huet sech Milliounefach verkaf.

Nach bis haut maachen si zesumme Musek och wann et tëschenduerch scho mol geheescht hat Aerosmith hätten sech getrennt.
De Rolling Stone féiert se ob der Lëscht vun den 100 gréisste Museker vun allen Zäiten ob der 59 . Plaz