Hien war d'enfant terrible vun Take That. Keen huet an der Boyband fir méi Skandaler gesuergt wéi de Robbie Williams. Alkohol- an Drogen-Exzesser stounge bei him Dag fir Dag um Programm. Um Enn verléisst hien d'Band fir sech "selbstänneg" ze maachen. De Succès léist net laang ob sech waarden. Laurent Gillander

19/04/2020 Pop History: Den Éischte Solo-Album vum Robbie Williams

De Robert Peter Williams. Gebuer den 13. Februar 1974 an England. Ufanks de 90er ass hien mat der Band Take That richteg bekannt ginn.
Am ganzen huet hien weltwäit méi wéi 77 Mio Placke verkaf. Hien huet 18 Brit Awards an e steet am Guiness-Buch vun de Rekorder well hien an engem Dag méi wéi 1,6 Mio Concertstickete verkaf huet.
Seng Mamm huet Enn den 80er eng Annonce an der Zeitung gelies dass Jongen fir eng Boygroup gesicht ginn. Si huet deen deemools 15 Joer ale Robbie ugemellt an d'Karriär huet hire Laf geholl.
No Drogen- a Party-Exzesser huet de Williams de 17 Juli vum Joer 1995 bekannt ginn dass hien Take That verloosse wäert.
No ville Geriichtsaffären mat den Ex-Manager vun Take That ass am Joer 1997 deen éischte Solo-Album erauskomm. De Numm: Life Thru A Lens. Den Album war eng Uspillung ob säi Liewen, wat bei Take That an och dono ëmmer erëm an der Ëffentlechkeet stoung.
E puer Méint méi spéit um 19 Abrëll vum Joer 1998 stoung säin Debutalbum ob der Nummer 1 vun den Charts. Ze verdanken hat hien dat der Single "Angels"
2 Wochen huet hien et mam Album op der eent ausgehalen. E wichtege Mann deen um Album matgeschafft huet war de Guy Chambers, hien huet sech an de Joren dono ëmmer erëm mam Williams an de Studio gesat fir esou ganzer 4 Albumen opzehuelen.
Hien ass sécherlech mat Schold drun dass de Williams zu deem Zäitpunkt eng vun de Kommerziell erfollegräichsten Popkarriären an der Museksgeschicht dohi geluecht huet.
D'Single Angels stoung a kenger Hitparad op der Nummer 1. D'Lidd zielt bis haut zu engem vun de wichtegsten am Liewe vum Robbie Williams. Duerch d'Wierk ass hien enfin de Boygroup Image lass ginn, ob eemol war hien en eescht ze huelende Museker.
Am ganzen stoung den Album Life Thru A Lens ganzer 48 Wochen an de britteschen Top 10.