Et ass den Dance-Music Godfather deen haut Gebuertsdag feiert. Den Giorgio Moroder kritt haut 80 Joer. Zu enge vu senge Erfindungen zielt den neien internationale Pop.

26-04-2020 Pop History - Happy Birthday Giorgio Moroder

Dem Moroder seng Karriär huet am Joer 1978 an Däitschland ugefaangen. Wunnt awer scho laang an den USA.
Zesumme mam Donna Summer a mam Pete Bellotte huet hien déi modern Danzmusek weider entwéckelt, esou ass eng nei Iddi vum internationale Pop entstanen.
Zu sengen Hitten zielen Love to Love, I Feel Love oder On The Radio. Alles Lidder déi vum Donna Summer gesonge goufen.

Ma och d'Lidd Call Me wat vun der Band Blondie gespillt a gesonge gëtt ass aus der Fieder vum Moroder.

Wéi ee mierkt alles Hitts. An dat sinn der nëmmen e puer déi ech nenne wëll. Hien huet d'Opmierksam sou massiv ob sech gezunn dass den Giorgio Moroder an de 70er an den 80er Joren zum Starproduzent ginn ass.
Hien huet iwwer 100 Gëllen a Platin-Placke kritt. Donna Summer gouf duerch hien zur erfollegräichste Fra am Museksbusiness. Blondie haten den Hitt vum Joer. Dobäi kommen nach e puer Oscaren ë.a dee fir Flashdance ... What a Feeling wat vum Irene Cara am Film Flashdance gesonge gëtt.

Et huet net laang gedauert a jidderee wollt mat him zesummeschaffen. Sparks, Elton John, David Bowie, Freddie Mercury, Cher oder Eurythmics.
Eng vu senge leschte Produktioune war als Star-Gaascht fir d'Jonge vun Daft Punk. Hei huet hie mat um Album Random Access Memories geschafft.

De Moroder huet och eng richteg Raritéit kreéiert Den Album mam Numm Einzelgänger ka richteg deier kaschten, et war déi Plack ob där hien den Disco Sound fir eng kuerz Zäit opginn huet fir experimentell Synthpop-Kläng ze verschaffen
Et gëtt dann awer och e klengen Nodeel wat deen Album ugeet. E koum virun exakt 2 Joer nach eemol eraus.