Et ass de Sänger a Gittarist vun der alternativer Rockband Fall Out Boy deen haut säi 36. Gebuertsdag feiert.

27/04/2020 Pop History: Happy Birthday Patrick Martin Stump

Bei d'Musek koum de Patrick duerch seng éischt Band Public Display Of Infection. Dës war eng Schülerband an där hien Batterie gespillt huet.
Et sollt net laang daueren an hie begéint dem Joe Trohman, de Gittarist vu Fall Out Boy. Allebéid haten se en Interessi un der Band Neurosis. Et koum een also séier an d'Gespréich. De Stump kurt en Invitatioun fir eng Session an dat zesumme mam Pete Wentz, dem Bassist vu Fall Out Boy. Et sollt en neie Projet entstoen. Gesongen huet hien Being Cool vu Saves The Day

Mëttlerweil spillt den Stump schonn e puer Instrumenter. nieft der Gittar an dem Bass, kann hien och Trompett an Batterie spillen.
Hien ass et, dee déi ganz Gittaren- a Bass Deeler fir Fall Out Boy schreift
Nieft senger Aktivitéit bei Fall Out Boy hat hien och seng Hänn bei den Gym Class Heroes an deenen hirem Lidd Cupid's Chokehold am Spill

Als Produzent schafft hie fir gréisstendeels fir Kënschtler ënner dem Label vun Decaydance Records.
An och wann de Patrick Stump ni Gesang-Couren hat, huet hien den Don seng Stëmm passend zur Musek anzesetzen. Dirket mam Debutalbum Take This to Your Grave aus dem Joer 2003 ass hinnen den Duerchbroch gelongen.

Bis an d'Joer 2009 ass et gutt fir Band gelaf. Ma no der Publikatioun vun hirem 4. Album Folie a Deux krute si schlecht Kriticken. Wat dozou gefouert huet, dass Fall Out Boy eng onbegrenzten Auszäit geholl hunn.
Zu deem Moment huet de Patrick ee Soloalbum eraus bruecht. 2 Joer méi spéit am Joer 2013 huet d'Band dunn annoncéiert e Comeback ze feieren. Den Album Save Rock And Roll koum nach am Abrëll vum selwechte Joer eraus.

Et gouf progressiv un neier Musek geschafft. Dee Leschten Album koum am Joer 2017 eraus. Den Numm Mania
De Patrick Stump kritt haut 36 Joer