21 Joer sinn et haut op den Dag hier dass „The Verve“ sech eng zweete Kéier an hirer Carrière opléisen.

28-04-2020 Pop History - The Verve leisen sech op

D'Trennung vun der Band gëtt deen Dag offiziell a se schéngt eng definitiv Saach ze sinn. Et goufe Bandintern Streidereien, déi schonn dofir gesuergt haten dass déi 4 englesch Museker ronderëm de Sänger Richard Ashcroft schonn 1995 fir eng kuerz Zäit ausenee gaangen waren. Ma se hu sech um Rimm gerapp an hunn erëm zesummefonnt. Den 28. Abrëll viru 21 Joer schéngt et awer definitiv eriwwer ze sinn fir The Verve. D'Opléisung gëtt vum Batteur Peter Salisbury an dem Bassist Simon Jones an engem Pressekommuniqué bekannt gemaach an de Sänger Richard Ashcroft schafft zu deem Zäitpunkt schonn u sengem éischte Solo-Album. The Verve hate sech 1989 als Schülerband am englesche Wigan gegrënnt a duerch hir Mëschung aus psychedeleschem Rock a melodiéisem Pop, zesumme mam Charisma vum Frontmann Richard Ashcroft, gi si séier d'Darlingen vun der englescher Underground-Zeen. De kommerzielle Succès kënnt fir The Verve awer eréischt mam drëtten Album Urban Hymns an der Single Bitter Sweet Symphony am Joer 1997.

E Lidd wat awer net ganz op hirer eegener Mëscht gewuess ass, mä bei deem de Solo vun der Gei aus der Orchester Versioun vum Rolling Stones Lidd The Last Time ass a genee dowéinst musse si sech d'Droit-d'auteure vun deem Lidd och mat Mick Jagger a Keith Richards deelen. Aus dem selwechten Album ass och hire gréissten Hit, hir eenzeg Single-Nummer 1 an England The Drugs don't Work.

Zwee Joer drop kënnt et zum Split vun der Band an obschonns sech de Richard Ashcroft duerno iwwerzeegt dovunner weist, dass éischter nach emol déi 4 Beatles zesummen op der Bühn stoe wäerten ewéi The Verve kënnt et 2007 zu enger Reunioun vun der Band an 2008 publizéiere si hire 4. Album Forth mam Singlehit Love is noise.

An deem Joer si se och den 21. Juni Headliner um Rock-A-Field Festival zu Réiser. No hirem leschte Concert am Kader vun där Tournee am August 2008 ass et nees ganz roueg ëm d'Band ginn, déi sech awer net opgeléist huet, mä eegenen Aussoe just an der Vakanz ass.