36 Joer sinn et hier dass de Phil Collins mam Lidd, wat Ufanks How Can You Just Sit There? geheescht huet, op der Plaz Nummer 1 vun de Billboard Charts stoung. D'Lidd wat mer ënnert dem Numm Against All Odds kennen, konnt sech hei 3 Woche laang halen.

29-04-2020 Pop History - Phil Collins - Against All Odds

Et ass e Lidd aus engem Film-Soundtrack an den éischten Nummer-1-Hit fir den Genesis-Batteur a Frontmann Phil Collins.

Against All Odds geet den 14. Abrëll 1984 op d'1 an den USA, wou et en anere Soundtrackhit op der Spëtzepositioun vun de Singlecharts ersetzt, nämlech dem Kenny Loggins säi Footloose.

Against All Odds ka sech 3 Woche laang op der 1 behaapten an ass am Film mam selwechten Titel ze héieren an deem Rachel Ward an Jeff Bridges d'Haaptrolle spillen. D'Lidd selwer hat de Phil Collins schonn 1981 geschriwwen an et sollt u sech op säin Debut-Album „Face Value“ kommen, wat awer net geschitt ass. Eréischt 1998 fënnt een den Titel an der Originalversioun um Collins-Best-Of-Album Hits erëm. De Phil Collins gouf mat Against All Odds och de Grammy, de Golden Globe an den Oscar nominéiert, konnt awer kee vun den 3 Präisser gewannen. Den Titel Against All Odds deen et an der Phil Collins Versioun an England just bis op d'zwee vun de Singlecharts packt, gëtt an de Joeren duerno gären an dacks gecovert a kann direkt zwee Mol nach déi éischte Plaz an England erreechen, am Hierscht 2000 an der Versioun vu Mariah Carey a Westlife

An 2005 nach an der Versioun vum éischten engleschen The X-Factor-Gewënner Steve Brookstein:

Ma haut virun 36 Joer behaapt sech, wéi gesot, d'Original vun dësem Titel eng 3. Woch op der 1 an den USA, ier et vum Lionel Richie sengem Lidd Hello vum Chartstroun gestouss gëtt.