De Lou Gramm, Sänger bei Foreigner feiert haut säin 70. 

02/05/2020 Pop History: Happy Birthday Lou Gramm

De Lou Gramm war schonn ëmmer an der Musek aktiv. Ufanks als Drummer bei der Band Black Sheep déi am Joer 1975 hiren Debut-Album eraus bruecht hunn. Nom 2. Album vun där Band ass de Mick Jones ob de Gramm opmierksam ginn. Hien hat seng Band Foreigner deemools just gegrënnt. De Lou Gramm sollt de Sänger an där Band ginn. 

Vu 1976 bis 1994 huet de Lou Gramm mat Ënnerbriechunge bei Foreigner gespillt. Mir kennen hier Hitten. Cold As Ice, Hot Blooded, Double Vision an ë.a och I Want To Know What Love Is. 

Ma och solo ass de Lou Gramm erfollegräich gewiescht. Am Joer 1987 koum säin éischten Solo-Album Ready Or Not eraus. Dernieft huet hien um Soundtrack zum Film The Lost Boys matgeschafft. D'Lidd Lost In The Shadows ass vun him

En 2. Soloalbum ass nach 2 Joer méi spéit erauskomm.  Hei hu bekannte Museker wéi Nils Lofgren an Dann Huff matgeschafft. 

Entretemps gouf den Lou Gramm bei Foreigner duerch den Johnny Edwards ersat. Hien huet d'Lidder um Album Unusual Hatch agesongen.

Ma nëmmen ee Joer no sengem 2. Soloalbum koum de Lou Gramm erëm zeréck bei Foreigner. Et ass drëms gaangen d'Lidder fir Best Of Kompilatioun opzehuelen an eraus ze sichen. Et war de Comeback vun der Band an der Originaler Formatioun. 

Dem Lou Gramm ass et awer och emol méi schlecht gaangen. Am Joer 1997 gouf hien iwwer laang Joren un engem Tumeur am Kapp behandelt. Mat Succès. D'Behandlung ass awer ob d'Käschte vum Gesang gaangen. No Joren un Training ass hien ob e neits bei Foreigner zeréck komm ass mat der Band nach eemol ob USA Tour gaangen an huet am Joer 2003 erëm u senger Solokarriär geschafft.

Zanter dem Joer 2013 ass hien an der Songwriters Hall Of Fame. 

Weltwäit huet de Lou Gramm méi wéi 80 Mio Placke verkaf.