Den James Brown géif haut seng 87 Joer feieren. Hien ass de 25. Dezember 2006 am Alter vu 73 Joer zu Atlanta gestuerwen. 

03/05/2020 Pop History: Happy B-Day James Brown

Den James Brown war e Musikalescht Allround-Talent. Hien huet Percussioun gespillt, Uergel, Piano a Gittar. Am wuelsten huet hien sech dann awer als Sänger an Dänzer gefillt. Den Brown huet mat bäigedroen dass sech de neien Musik-Stil Rythm & Blues a Soul richteg etabléiere konnt. Och de Funk huet den James Brown beaflosst.

Den Héichpunkt a senger Karriär hat hien an de 60er Joren. Hien huet deemools ugefaangen all eenzelt Stéck bis op de Rhythmus auserneen ze huele fir de Melodien esou dee richtege Riff ze ginn. Och d'Rhytmus Instrumenter huet hien perfekt agesat. Meeschtens war et eng Batterie, eng Gittar an e Bass déi schaarf Akzenter op de Groove gesat hunn. 

E ganz berüümte Saz vum James Brown war den Take Me To The Bridge. 

Dëse Saz huet hien an de Lidder gejaut fir ebe genee erëm kënnen d'Bridge vum Stéck ze sangen. 

De Brown war och ee vun den éischte Museker déi net méi permanent gesongen hunn. Hien huet och dacks a senge Lidder geschwat. Et war esou ze soen den Ufank vun der Rap Musek.

Ma och en James Brown hat seng Héichten an Déiften. Grad wéi den Disco Sound Enn de 70er Jore verschwonnen ass war den James Brown quasi am Chômage. War hien dach souzesoen ee vun den Erfinder vun deem Stil. D'Plackefirma huet him dorops hin de Kontrakt gekënnegt. 

Zeréck an de Business ass dunn eréischt gaange wéi den HipHop an den 80er ugefaangen huet sech ze entwéckelen. Vill Museker hunn dofir Samples vum James Brown geholl. Am Joer 1986 huet hien e Comeback Concert gespillt a mat der Single Living in America erëm Fouss gefaasst

Den James Brown huet spéider Afloss op Museker wéi de Michael Jackson oder de Prince geholl. Am Rollingstone Magazine steet hien op der 10. Plaz vun den 100 gréisste Museker vun allen Zäiten. 

Den James Brown ass ob engem 25. Dezember vum Joer 2006 un de Suitte vun enger verschleefter Longenentzündung gestuerwen.