Den Tom Jones huet haut virun 33 Joer e Comeback gestart.

01/05/2020 Pop History: Comeback vum Tom Jones

Op der Tëleestatioun Channel Four ass den Tom Jones deen Dag op Besuch a séngt do seng Versioun vum Prince-Hit „Kiss“

Deen Optrëtt ass den Optakt vum Tom Jones sengem Comeback. Nëmmen zwou Woche éischter hat hie mam Lidd A BOY FROM NOWHERE seng éischt nei Single zënter 10 Joer erausbruecht:

D'Carrière vun Ex-Mineur aus Wales geet an de fréien 1960er u wéi hien als Frontmann vun enger lokaler Beatband a senger Heemechtsstad Pontypridd populär gëtt. Säin éischten Hit geet op de vun der Sängerin Sandy Shaw, déi refuséiert d'Lidd It's Not Unusual ze sangen, esou dass den Tom Jones dorausser 1965 säin éischten Nummer 1 maache kann.

An den 60er ass den Tom Jones e grousse Star, mat eegener Tëleshow an England an den USA a mat legendären Optrëtter zu Las Vegas. Als Museker packt den Tiger et op net manner ewéi 15 Top-Ten-Hits an England. 

Uganks vun den 1970er verkeeft seng Musek sech awer net méi. 1972 klotert hie fir d'lescht an déi brittesch Charts an 1977 bréngt hie seng einstweile leschte Single eraus, bis eben an den Abrëll 1987. Vun deem Ament un huet den Tiger nees Erfolleg, well hie mat ugesote Produzente zesummeschafft. Fir dem Tom Jones seng Kiss-Versioun, zum Beispill, hat hie mat The Art Of Noise zesummegeschafft.