D’Woch fänke mer an der Pop History mat engem Gebuertsdagskand un. De Frontmann vun den New Radicals huet haut Gebuertsdag an deen huet a sengem Liewe scho ville Kënschtler den Erfolleg bruecht.

04-05-2020 Pop History 50 Joer Gregg Alexander

De Gregg Alexander kënnt de 4. Mee 1970 am US-Bundesstaat Michigan op d’Welt. Gittar spille bréngt de Gregg sech am Alter vun 12 Joer alleng bäi, spillt mat 14 a sengem Duerf an enger Schülerband a kritt eleng wéinst sengen Demobänner 1986, mat grad emol 16 Joer en éischte Plackekontrakt. Seng zwee éischt Albumen, déi 89 an 92 erauskommen, gi kommerziell awer e Flopp, esou dass de Gregg sech zu New York als Stroossemuseker erëmfënnt.
Do begéint hien och senge spéidere Bandkolleege vun den New Radicals, déi hie 97 grënnt an elo sollt et endlech och mam Succès klappen. Enn 1998 landen d’New Radicals mat You Get What You Give en internationalen Hit.

Ma schonn e Joer drop war Schluss mat dëser Band an de Gregg Alexander fänkt u fir aner Kënschtler Lidder ze schreiwen an dës ze produzéieren. Aus senger Fieder ass zum Beispill den Texas-Hit Inner Smile.
Fir d’Ex-Spice Girl Melanie C produzéiert hien 2003 d’Lidd On The Horizon.
An och de gréissten Hit aus der Carrière vum Sophie Ellis-Bextor aus vum Gregg Alexander geschriwwen:
Murder On The Dancefloor.
Genee wéi dee Solo-Succès vum Ronan Keating, dee bis haut eng fest Plaz an de Playlëschte vun de Radioen huet.

Dat Lidd, fir dat de Gregg Alexander déi bis ewell gréissten Auszeechnung krut, ass awer vum Michelle Branch an dem Carlos Santana opgeholl ginn. The Game Of Love aus der Fieder vum Alexander kritt nämlech 2002 esouguer e Grammy.