Déi britesch Sängerin Adele feiert haut Gebuertsdag. Et ass hiren 32.. D'Adele huet an hirer Karriär méi wéi 100 Mio Placke verkaf.

05-05-2020 Pop History-Happy Birthday Adele

Dass d'Adele bei d'Musek komm ass, verdanke mer de Spice Girls. Als Kand huet hatt deenen hier Lidder op Dinnerpartyen gesongen. Ma säin Interessi sollt sech séier steigeren an och anere Museker gëllen. Esou koum séier d'Pink, D'Aliyah, Destiny's Child an och Mary J. Blige mat dobäi.
D'Adele hat net wierklech e Plang B. Hatt huet bewosst op der Brit School For Performing Arts studéiert an d'Schoul am Joer 2006 ofgeschloss. Seng Klassekomerodinne waren Jessie J an Leona Lewis.
Dono huet d'Adele den deemools nach gängege Wee ageschloen. Seng Musek huet hatt op Myspace eropgeluede, wou et och net laang gedauert huet bis hatt e Plackekontrakt krut.
Déi éischt Single koum eraus. Hometown Glory.

Hatt gouf doropshin zu engem villverspriechenden Newcomer, deen een onbedéngt am A hale sollt. Déi 2. Single Chasing Pavements ass am Joer 2008 direkt op d'Plaz 2 vun de brittesche Charts geklommen.

Den Album 19 toppt d'Leeschtung vun der Single Chasing Pavements a steet direkt op der 1. An de Lidder geet et ëm Gefiller, Enttäuschungen a Gedanken u verluere Bezéiungen.
Den Album 21 war genee esou erfollegräich wéi de Virgänger. Mir erënneren eis u Rolling In The Deep an u Someone Like You.

D'Adele ka seng Musek gutt vum Privatliewen trennen. Esou huet d'Musekerin och kee Problem domat einfach emol eng Auszäit ze huelen. Am Joer 2012 huet hatt matgedeelt dass hatt sech méi ëm säi Privatliewe këmmere wéilt. 3 Joer méi spéit koum dann den Album 25 eraus. Déi hei Single huet ageschloe wéi eng Bomm.

Wann alles gutt leeft dierf ee sech am September vun dësem Joer op nei Musek vum Adele freeën.