Haut op den Dag viru 55 Joer hunn d'Rolling Stones ugefaangen um Lidd "Statisfaction" ze schreiwen. Et sollt déi 4. Nummer 1 an hirer Heemecht Groussbritannien ginn.

06-05-2020 Pop History - Satisfaction

Et war zu Clearwater am Florida. Et war ee virun amerikanesche Publikum opgetrueden an d'Band ass gutt bei de Fans ukomm. Zu deem Zäitpunkt hunn d'Rolling Stone an der Haaptsaach Coverlidder gesongen. Déi waren deemools vum Chuck Berry, Willie Dixon oder Buddy Holly fir der nëmmen e puer ze nennen.
Eppes haten se awer nach net. Eege Lidder.
De Keith Richards war an där Nuecht am Fort Harrison Hotel a konnt net schlofen. Dat war an der Nucht ob de 07. Mee vum Joer 1965. A sengem Kapp war eng Serie un Akkorden déi hien direkt ob der Gittar gespillt huet an op engem portabelen Kassetterekorder opgeholl huet.
Et war d'Ufankssequenz vu Satisfaction.

Den Dag drop huet hien dem Mick Jagger d'Resultat virgespillt an huet him dobäi d'Textzeit (I Can't Get go No) Satisfaction virgeschloen. Dëse war vum Lidd begeeschtert an huet et fäerdeg geschriwwen.
Textlech huet hien probéiert de Nerv vun der Zäit ze treffen. Et ass iwwert den onkontrolléierte Commerce gaangen.
An dat geléngt déi Jonk Leit identifizéiere sech mam Lidd.

E puer Deeg méi spéit ob engem 10. Mee vum selwechte Joer gouf d'Lidd opgeholl. Am Studio huet ee just nach missen e passend Effektgerät fir d'Gittar misse fannen.  De Maestro Fuzz-Tone FZ-1 Fuzz gouf dofir geholl. Eng Maschinn déi réischt e puer Deeg virdrun op de Marché koum.
D'Single koum als B-Säit eraus an stoung 2 Méint méi spéit op der Nummer 1 vun den briteschen Charts. D'Rolling Stones déi zu deem Zäitpunkt nach net weider gefrot waren sinn no a no zu enger ugesoter Rockband ginn.
Et sinn awer nach 10 Joer vergaangen ier d'Lidd vum Musik Establishement richteg unerkannt gouf. Mëttlerweil steet Satisfaction a ville Lëschten wéi z.B ob der 7 Plaz vun de Top 100 Singles vun allen Zäiten.