Den Eric Clapton hat d'Iddi e Lidd ze coveren. E Lidd mat deem hien um Enn méi Succès hat wéi d'Original. D'Lidd steet op engem 10 Mee vum Joer 1974 op der Nummer 1 vun de Billboard Charts.

10/05/2019 Pop History: Clapton vs Sheriff

Fir do e Lidd opzehuelen, mat deem hien 1974 nach d'Plaz 1 vun de Billboard Charts erreecht. Et ass e Lidd, wat am Original am Joer virdrunner vum Bob Marley a senger Band The Wailers opgeholl gouf an 1973 schonn um Album Burnin' verëffentlecht gouf:

I Shot The Sheriff war och déi lescht Single, déi de Bob Marley mam Peter Tosh an dem Bunny Wailer zesummen erausbruecht huet, ier dës d'Wailers verloosse fir ege Carrièren ze starten.
D'Coverversioun vum Eric Clapton ass déi erfollegräichst Versioun vun dësem Klassiker bis ewell an op sengem Album 461 Ocean Bvd de fannen, deen am Juli 1974 erauskomm ass.

Duerch de grousse Succès vun der Eric Clapton Versioun vun I Shot The Sheriff ass och de Bob Marley méi populär ginn an dat net just an de States.
D'Lidd I Shot The Sheriff ass och 2003 an d'Grammy Hall Of Fame opgeholl ginn, allerdéngs net am Original, mä an der Eric Clapton Versioun.
D'Grammy Hall of Fame ass e speziellen Award, deen am Kader vun de Grammien verdeelt gëtt an dee just u Lidder goe kann, déi op mannst 25 Joer al sinn an historesch wäertvoll sinn fir d'Entwécklung vun der kommerzieller Musek.
De Bob Marley ass an der Grammy Hall Of Fame awer net just mat senger Kompositioun vun I Shot The Sheriff vertrueden, mä och selwer mat sengem Lidd Get Up, Stand Up, wat 1999 dësen Extra-Grammy-Status krut.