Haut virun 39 Joer ass de Bob Marley gestuerwen. Ee vun de bedeitendsten Vertrieder vum Reggae hat eis domadder verlooss. Mëtt de 70er gouf hien international bekannt.

11/05/2020 Pop History: Doudesdag vum Bob Marley

Buffalo Soldier, Getup, Stand up, I Shot The Sheriff oder och No Woman No Cry, fir der nëmmen e puer ze nennen. Si sinn déi warscheinlech gréissten Hitte vum Bob Marley.
Fir vill Leit aus der 3. Welt war an ass de Bob Marley eng wichteg Identifikatioun-Figur.
De 6. Februar 1945 ass hien zu Jamaika op d'Welt komm. Hei ass ee sech awer net ganz sécher. Aner Sourcë schreiwen dass hie schonn am Joer 1944 op d'Welt komm ass.
Dem Robert Nesta Marley (esou de richtegen Numm vum Museker) seng Kandheet war gepräägt vun der Kultur vun de Schwaarzen. Ma och magesch Virstellunge wéi Liesunge vu Geeschter oder Kobolde waren a senger Jugend ëmmer present.
De Marley huet mat 16 Joer d'Schoul ofgebrach a gouf ob Wonsch vun der Mamm Mecanicien. Ma no e puer Joer huet hien dës Aarbecht ginn an huet sech säin Dram vum Museker erfëllt.

Am Joer 1966 huet hien seng deemoleg Frëndin Rita Anderson bestuet. Hien huet am ganzen 12 Kanner unerkannt. Rumeuren no soll hin tëscht 20 a 40 Kanner hunn. 7 dovunn sollen op d'Welt komm sinn iwwerdeems hie scho mam Rita Anderson bestuet war.

Et goufen awer och méi Opreegend-Zäite fir de Bob Marley. Den 3. Dezember vum Joer 1976 2 Deeg virun engem Friddens-Concert mam Numm Smile Jamaica ass bei him Doheem agebrach ginn. D'Brigangen hunn hien seng Fra an de Manager ugeschoss. Rita Anderson an de Manager koume schwéier blesséiert an d'Spidol. De Bob Marley selwer war nëmme liicht blesséiert. Et gouf ni wierklech gekläert wisou dat geschitt ass. Spekulatioune sinn awer déi hei: Et ass een dovun ausgaangen dass et un der Participatioun um Concert louch. Responsabel fir den Uschlag soll déi riets Jamaica Labour Partei gewiescht sinn oder den amerikanesche CIA.

Am Hierscht vum Joer 1980 huet déi ganz däischter Säit am Liewe vum Bob Marley ugefaangen. De Museker krut Kriibs. Dokteren hunn him just nach Woche ginn. A well eng Chemotherapie dozou gefouert hätt dass hien seng Rastas verléiere géif huet hien op eng Behandlung verzicht an huet sech den 08. Mee 1981 ob Jamaika zeréck gezu fir do ze stierwen. Ma dat sollt him net méi geléngen. De Bob Marley war bei der Tëschelandung am Florida schonn esou schlecht dass hien net méi weider fléie konnt. Hien ass do den 11. Mee um hallwer 12 Mëttes gestuerwen.