Eng Pop-Ballade, déi viru genee 36 Joer op d'Plaz 1 an den amerikanesche Singlecharts klëmmt, steet haut am Mëttelpunkt vun eiser Pop History.

12/05/2020 Pop History: Hello

Fir déi drëtte Kéier steet de Lionel Richie den 12. Mee 1984 solo op der Plaz 1 an Amerika an dat mat der Ballade Hello.

Wat vill Leit net wëssen, ass dass de Lionel Richie zu deem Zäitpunkt beim Detroiter Label Motown ënner Kontrakt an nieft Michael Jackson, Smokey Robinson an den Temptations ee vun de gréissten Acts an der Geschicht vun deem Label ass. HELLO war zum Beispill déi Motown-Single, déi sech an England méi ewéi eng Millioun Mol verkaf huet a genee wéi an de States gëtt Hello och an England eng Nummer 1.
Op déi Plaz packt Hello et och am Kanada, an Australien, Neiséiland, Irland, der Schwäiz, der Belsch an Holland.
U sech sollt Hello schonn op dem Lionel Richie säin éischte Solo-Album, gëtt schlussendlech awer eréischt um zweeten Album vum afro-amerikanesche Kënschtler verëffentlecht an do och eréischt als drëtt Single ausgekoppelt.
Direkt zwee Mol gëtt de Lionel Richie wéinst Hello verklot, eng Kéier well d'Marjorie Hoffmann White sech drop, d'Melodie vum Hello wier bei hirem 1978er Lidd I'm Not Ready To Go geklaut.
Bei zweeter Klo hat de Songwriter Guy Tompson behaapt hien hätt Hello fir de Lionel Richie geschriwwen, béid Kloen hate viru Geriicht awer kee Succès.

De Lionel Richie ass bis haut jo erfollegräich, senger Groussmamm awer nach ëmmer méi ewéi dankbar, dass si him d'Pianospille bäibruecht huet, wéi e rezent nach emol an engem Interview confirméiert huet.

Fir seng Bom, seng Mamm a seng Fra hat de Richie jo schonn 1978 den Titel Three Times A Lady geschriwwen, wou hien nach Leadsänger bei de Commodores war.