Haut feiert e ganz grousse Museker seng 70 Joer. De Stevie Wonder.

13/05/2020 Pop History: Happy Birthday Stevie Wonder

Deen den 13. Mee 1950 am Michigan op d'Welt kënnt. Vill ze fréi, duerfir muss hien an d'Couveuse, wou en ze vill Sauerstoff kritt. Dat ass de Gronn firwat de Stevie Wonder blann ginn ass.
Seng Carrière start hie schonn an de fréien 1960er beim Label Motown, wou hie bis haut seng nei Placken erausbréngt. Mat 11 fänkt hien un, mat 13 Joer steet hie mat sengem Lidd Fingertips part two eng éischte Kéier op der 1 an den USA.
Och wann et duerno bis 1972 dauere sollt ier de Stevie Wonder nach emol op d'1 an den USA klamme kann, esou steet hien déi ganz 1960er duerch regelméisseg an den Top Ten an Amerika. Seng richteg grouss ZäIt start awer eréischt 72 mam Hit Superstition fir deen de Stevie Wonder direkt zwee Grammy kritt.
You Are The Sunshine Of My Life, I Wish a Sir Duke sinn awer Hits, déi aus dem Stevie Wonder e weltwäite Megastar maachen, deen 1984 du säi gréisste Succès iwwerhaapt feiere kann.
I Just Called To Say I Love You geet weltwäit op d'1 an den Charts, och an de Joeren duerno hëlt de Succès vum Stevie Wonder kaum of. De Museker hëlt sech awer ëmmer méi Zäit fir nei Albummen erauszebréngen. Dee bis ewell lesche A Time To Love ass virun 15 Joer erauskomm.
Am ganzen huet de Stevie Wonder, deen nach virun enger hallwer Dose Joren fir déi 9. Kéier Papp ginn ass, bis haut 25 Mol de Grammy gewonnen, méi wéi soss keen anere männleche Solo-Kënschtler. Hien huet bis haut wäit iwwer 100 Millioune Placke verkaf a stoung méi wéi 30 Mol mat senge Singelen an der amerikanescher Top Ten.