De Francis Albert "Frank" Sinatra ass den 14. Mee vum Joer 1998 un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen. Et ass den 22. Doudesdag. Zu Éire vum Sinatra goufen deemools d'Stroosseluuchten zu Las Vegas fir 3 Minutten ausgeschalt.

14/05/2020 Pop History: Doudesdag Frank Sinatra

150 Mio Placken. 3 Oscaren, e.a fir de beschten Niewenacteur am Film verdammt in alle Ewigkeit. Grammyen eng Medal Of Freedom an eng gëllen Éiremedail vum Kongress. De Frank Sinatra huet zu Liefzäite fir d'Musek an de Showbiz gelieft.
Ugefaange mat musizéieren huet hien andeems hien als Teenager mat enger Ukulele duerch d'Stroosse gezunn ass an Caféen gezunn ass. Als Mikro hat hien e Megaphon. Kuerz drop krut hien Optrëtter bei lokale Radiostatiounen. Wéi en dunn säin Idol de Bing Crosby op engem Concert gesinn hat war et fir hie kloer dass hie Museker wollt ginn.
Am Joer 1939 gouf hien vum Harry James entdeckt fir dono zesummen éischt Placken opzehuelen. Mat dobäi war d'Lidd All Or Nothing At All e Lidd wat gutt 5 Joer méi spéit nach eng Kéier sollt erauskommen. D'Lidd ass direkt un spëtzt vun den Charts geklommen.

Dat war den Ufank vun enger ganzer Rei u Nummer 1 Singlen fir de Frank Sinatra. Et sollt net laang daueren an de Sinatra gouf zum erfollegräichste Sänger vun den USA. D'Radioen hu seng Musek erop an erof gespillt.

Ma och a Filmer a Musicals huet de Sinatra erfollegräich matgespillt, en huet de Kuerzfilm The House I Live In inzenéiert.
An de 60er Joren ass de Frankieboy zu engem Entertainer ginn. Huet Touren am In an Ausland gemaach. Et sollt net méi laang dauere bis säi gréisste kommerziellen Erfolleg kënnt.

Mat Strangers In The Night ass him dat am Joer 1966 gelongen.
5 Joer méi spéit annoncéiert hien säi Réckzuch vun der Bün an aus dem Showbusiness. Dat huet awer nëmme ganzer 2 Joer gedauert. Dono ass hien an onreegelméissegen Ofstänn nach bis an d'90er Joren eran opgetrueden.

De Frank Sinatra huet an der Zäit tëscht 1939 - 1993 ronn 1300 Lidder agespillt. Hien war praktesch permanent mat engem Lidd an de Billboard Charts dran. Dat weist wéi e grousse Kënschtler de Sinatra war.