"With or Without You" ass ee vun de bekanntste Lidder vun der irescher Band U2, an ass am Mäerz 1987 als éischt Single aus dem "Joshua Tree" Album ausgekoppelt ginn, knapp e Mount méi spéit war den Titel schonn op der 1 an Amerika. Dat sinn haut op den Dag 33 Joer hier.

16-05-2020 Pop History - U2 a With Or Without You

De Song ass deen deen am meeschte gecovert gouf, an doriwwer eraus och déi éischt Single déi op Cd erauskoum. 2004 ass se vum Rolling Stone op Plaz 131 vun de 5000 beschte Lidder vun allen Zäite gewielt ginn.

Mee zeréck bei d'Produktioun: With or without you ass 1986 an de Windmill Lane Studioen zu Dublin opgeholl ginn, fir den Album Joshua Tree a wéi och scho beim Wierk virdrun hunn de Brian Eno an Daniel Lanois als Produzente mat um Album geschafft. Dem Bono no hunn den Album Climate vum Scott Walkers, an och d'Righteous an d'Walker Brothers als Inspiratioun duergehalen.
Obwuel een elo vill an den Text eran interpretéiere kann, wéi beispillsweis reliéist Verlaangeren an och Drogekonsum, huet de Bono an engem Interview erkläert dass et sech reng em e Libeslidd soll handelen.

An dee schwätzt vun der Gewalt, oder der Possessioun an der Péng an enger onglécklecher Léift an déi gëtt virun allem duerch Symboler duergestallt wéi an de Strophen See the thorn twist in your side, oder on a bed of nails she makes me wait, oder nach My hands are tied my body bruised.

Bei der Publikatioun ass With or Without you als Resultat vun engem neie musikalesche Wee ugesi ginn, wat sech virun allem op d'Infinite Guitar zeréckféiere léisst.
With or without you ass no I still haven't found what I'm looking for dat Lidd wat am meeschte gecovert an och vun de Kënschtler vun deene verschiddene Genren nei verschafft ginn ass.

E puer mol war et och op der Tëlee ze héieren, ënnert anerem an der amerikanescher Sitcom Friends, ass et fir dem Ross a Rachel hir Libesbezéiung geholl ginn, déi grad an d'Bréch goung.

Den Titel krut natierlech och eng Partie Präisser, wéi 7 MTV Music Awards, an 2 Rolling Stone Magazine Music Awards.