E Lidd mat enger lëschteger Melodie, awer engem ganz trauregen Text- Dat ass d’Geschicht vum Luka, gesonge vum Susan Vega.

17/05/2020 Pop History: Luka - Suzanne Vega

D'New Yorkerin Suzanne Vega wunnt Mëtt den 80er Joren an engem groussen onperséinlechen Appartementshaus zu spanish Harlem am Norde vu Manhatten. Hatt kennt kaum ee vu senge Matbewunner kritt awer heiansdo duerch e Feeler Post fir e gewëssene Luka.
Suzanne Vega hat seng Wunneng um RDCH d.H all déi aner Leit hunn iwwert him gewunnt. Hatt huet also de Numm Luka gelies wousst awer net wien et war. Hatt wousst net op dat en Indeschen indoneseschen oder italieneschen Numm ass. Och net op et e Jong oder e Meedchen ass.
Ma enges Dag huet d'Suzanne Vega e jonke Mënsch beim Lift begéint. Hatt huet gefrot wien et ass. Doropshi sot de Jong: My Name Is Luka.
Ma d'Sängerin léiert de Luka och elo net besser kennen. Ma seng Persoun gëtt him d'Iddi e Lidd ze schreiwen. Iwwert en Thema wat hatt scho laang beschäftegt.
Kannermëssbrauch aus dem Bléckwénkel vun engem Kand an engem Lidd ze behandelen. Hien selwer war awer keen Affer vu Kannermëssbrauch.
Wéi hatt déi éischt Zeile geschriwwen hat ass op eemol alles vum selwe gaangen. Wéi hatt d'Lidd fäerdeg hat spillt d'Suzanne Vega d'Lidd am Joer 1987 fir den Album Solitude Standing an. Séier war de Manager dass d'Lidd en Hit kéint ginn, ëmmerhi beschäftegt et sech mat engem seriéisen Thema.
Et huet een d'Lidd esou Poppeg wéi nëmme méiglech gemaach, nëmmen esou kéint et geléngen an d'Charts ze klammen. Esou d'Plackefirma. An dat war och esou direkt nodeems d'Lidd erauskoum ass et iwwerall um Radio gelaf.
Luka gëtt e weltwäiten Hit. A fir dass d'Thema vum Lidd och richteg duerchkënnt léist d'Suzanne Vega de Songtext um Cover ofdrécken.
(Wann s de Nuets eppes héieren hues wat sech no Sträit oder Kläpperei unhéieren huet, da fro mech nëmmen net wat dat war, fro mech einfach net.
Suzanne Vega huet dunn awer gehofft dass et mam Lidd net d'Liewe vum richtege Luka zerstéiert huet.
Getraff huet hatt de Luka iwwregens dono net méi well hatt geplënnert ass. Ma seng Deemoleg Matbewunnerin huet de Jong nach déi eng oder aner Kéier begéint. Am selwechten Haus virum selwechte Lift.
Wéi hatt d'Lidd geschriwwen huet hat de Luka 9 Joer. Wéi d'Frëndin vum Suzanne Vega hien eng weider Kéier begéint huet hat de Jong der 15 an en hat eng Frëndin dobäi. Hien wollt dass dem Suzanne Vega seng Ex Matbewunnerin him confirméiert dass d'Sängerin mol do gewunnt huet an dass hien et war deen d'Inspiratioun fir d'Lidd ginn huet. Seng Frëndin wollt déi Geschicht wuel net gleewen.